Een néit Wahlsystem fir Lëtzebuerg?

  Ëmmer nees gouf eise Wahlsystem geännert, an och elo gëtt et sëllech Virschléi fir Reformen. Ëm wat geet et? De Sonnde gouf eng nei Chamber gewielt, dofir konnten 256.698 Leit hir Stëmmen op Wahlziedelen androen. Déi gesi verschidden aus, jee nodeem wou ee wunnt: Am Bezierk Süden huet een 23 Stëmmen zegutt, am Zentrum 21, am Norden 9 an am Osten 7. Genee souvill Deputéierter komme no de Wahle pro Bezierk an d’Chamber. Dës Zuele gi sou gerechent, dass an all Bezierk d’Unzuel u Stëmmen pro Unzuel Awunner d’selwecht ass. Am Zentrum, wou vill Auslänner ouni Wahlrecht wunnen, ass… Weiderliesen

Ëmstriddene Kandidat Brett Kavanaugh fir den US Supreme Court confirméiert

Déi lescht Deeg ass vill iwwert dem amerikanesche President Donald Trump sengem Kandidat fir de Supreme Court diskutéiert ginn. Dës Woch geet et em déi ëmstridden Nominéierung vum Brett Kavanaugh an iwwert säi méiglechen Afloss op de Supreme Court. Am fréie Summer huet de moderate konservative Riichter Anthony Kennedy ugekënnegt, dat hien de Supreme Court verloosse géif. De Supreme Court ass dat héchste Geriicht an den USA a besteet aus 8 „Associate Justices“ an engem „ Chief Justice“. Déi gi vum Senat op Liewenszäit gewielt, meeschtens trieden d’Riichter wéinst Krankheeten zeréck. Den Anthony Kennedy war bei wichtegen Uerteeler déi entscheedend Stëmm. An sozialen a gesellschaftspolitesche Froen huet hie mat de liberalen an demokratesche Riichter ofgestëmmt. Bei dem Verbuet vun der Immigratioun aus… Weiderliesen

Wei fonktionneiert Ryanair?

Bëllegfluchgesellschafte ginn an Europa ëmmer méi populär. Duerch hire Businessmodell geléngt et hinnen, ëmmer manner deier Fluchtickete fir hir Passagéier unzebidden. Op den éischte Bléck eng positiv Entwécklung fir de Verbraucher, mee op wéi enge Käschte berout dee Präis? An dëser Editioun vun „a 500 Wierder“ erkläre mir unhand vu Ryanair, wéi Bëllegairlinë funktionéieren a wat si vun traditionelle Fluchgesellschafte wéi Luxair ënnerscheet. Fluchlinne wéi Ryanair, easyJet, an Eurowings, zeechnen sech virun allem dovun aus, op all méiglechem Eck ze spueren. Oft steiere si geographesch manner attraktiv Standuerter un, woubäi et hinne méiglech ass, an enger dominanter Positioun géigeniwwer vum Fluchhafen d’Fraise fir dierfen ze landen erof ze drécken. Ausserdeem flitt… Weiderliesen

Wat ass den Index?

Wei den Wirtschaftsminister Etienne Schneider um Densden via Twitter annoncéiert huet ass ab dem 1 August eng néi Indextranche fälleg. Dat bedeit konkret, dass ab dem Daach d’Salairen, d’Paien an d’Pensioun em 2,5% klammen wäerten. Et ass déi 1. Indextranche säit dem 1. Januar 2017. Mee em wat handelt sech lo genau beim Index an wat ass den Ausléiser vun der rezenter Erhéijung ? Wann vum Index geschwat gëtt, handelt et sech em d’Upassung vun den Léin, Paien an Pensiounen am Verglach zur globaler Präisentwécklung hei am Land. Fir des Entwécklung ze ermëttelen gouf sech op een Wuerekuerf geénegt. Dësen Wuerekuerf enthält Produiten vum dächlegen Gebrauch, wei zum Beispill Brout, Botter oder Béier. Doniewent sinn awer och Déngschtleeschtungen am Index… Weiderliesen

USA vs. EU – Handelskrich?

Säit e puer Wochen héiert ee vum Handelskrich zwëschen der USA an der EU. Den amerikanesche President Donald Trump huet fir Stol an Aluminium Stroftaxen agefouert, fir déi amerikanesch Entreprisen ze protegéieren. Doropshin huet d’EU Kommissioun och Stroftaxe lancéiert op Whisky, Harley-Davidson, Peanut-Butter a Jeans. Wat bedeit een Handelskrich iwwerhaapt? Dat gitt dir dës Woch an eisem Artikel gewuer. Een Handelskrich ass wann ee Land mat Stroftaxen op Wueren, déi am Ausland produzéiert goufen, een anert Land attackéiere wëll. Dat attackéiert Land reagéiert dann och mat Stroftaxen op verschidde Wueren. Stroftaxe sinn extra Taxe fir Wueren aus anere Länner, fir déi eege Wueren a soumat och déi national Ekonomie ze protegéieren. Een Grond vum sougenannten… Weiderliesen

Em wat geet et bei der Euro-Reform?

Scho säit d’Finanz- an Eurokris virun 10 Joer ugefaangen huet, gëtt doriwwer diskutéiert wéi een d’Eurozon kéint reforméiere fir zukünfteg Krisen ze vermeiden, oder se besser ze managë wann se antrieden. Obwuel wärend an no der Kris Mesurë geholl goufen, si weiderhi vill Politiker an Experten der Meenung, dass d’Eurozon net “komplett” ass a Reforme benéidegt. Dës Debatt ass virun allem no der Victoire vum Macron a Frankräich erëm an de Virdergrond komm, vu dass hien a senger Walcampagne sech fir eng déifgräifend Euro-Reform ausgeschwat huet. Dofir fokusséiere mir eis haut op déi politesch Proposen, déi vun der Europäescher Kommissioun a vum Macron zesumme mat der däitsche Bundeskanzlerin Merkel gemaach… Weiderliesen

E neien tierkesche President mat neie Rechter

De leschte Sonnden ass de Recep Tayyip Erdogan fir d’zweete Kéier zum tierkesche President gewielt ginn. Et war awer méi wéi eng normal Wahl, well de selwechte Moment eng nei Verfassung a Kraaft getrueden ass. Wou fréier virun allem eng vum Parlament kontrolléiert Regierung d’Soen hat, ass d’Muecht mat dëser Reform ganz staark am President – elo dem Erdogan – sengen Hänn konzentréiert ginn. Dat ass nei: säit an de 1920er dat uraalt osmanescht Räich duerch d’tierkesch Republik ersat gouf, gouf d’Verfassung zwar puer Mol geännert, mee am Prinzip huet d’Parlament all Kéier hir staark Kontroll iwwert d’Regierung bäibehalen. Dat… Weiderliesen

Lëtzebuerger Identitéit

Wéinst Nationalfeierdag schreiwe mir den Artikel vun dëser Woch iwwer Lëtzebuerg. Dofir presentéiere mir a 500 Wierder d’Geschicht vum lëtzebuergeschen Nationalfeierdag an Debatt iwwert d’Roll vun der lëtzebuergescher Sprooch an eiser Gesellschaft. An der Geschicht huet de lëtzebuergeschen Nationalfeierdag ëmmer geännert. Traditionell gouf nämlech de Gebuertsdag vum jeeweilege Grand-Duc als nationale Feierdag zu Lëtzebuerg bestëmmt a gefeiert. Sou ass de lëtzebuergeschen Nationalfeierdag ënnert der Grand-Duchesse Charlotte iwwer 50 Joer op den 23. Januar gefall. Well et awer onangenehm war, den Nationalfeierdag am Wanter ze feieren, gouf 1961 beschloss, den nationale Feierdag op den 23. Juni ze leeën. Den Dag war also den nämmlechten, et gouf just en méi waarmen Mount gewielt. Déi Decisioun gouf dann… Weiderliesen

Wéi geet et weider an der europäescher Asylpolitik ?

Bei engem Treffen um Freiden tëschent dem franséische President Macron an dem néien italienesche Ministerpresident Conte goung et ee mol méi em d’Opnam an d Verdeelung vu Geflüchteten an der Europäescher Unioun. An enger zesumme verfaasster Erklärung hu sech béid Länner dann och verstäerkt fir eng europäesch Léisung ausgesprach. Dobäi koum dann och d’Iddi vun sou genannte Migratiounszentren ausserhalb vun der EU op. Eng Iddi déi net ganz néi ass. Mee wou wier de konkreten Notze vun dësen Zentren a wat géif dat fir Länner wei Italien a Griicheland beispillsweis änneren ? De rezente Sträit iwwert ee Flüchtlingsboot wat am Mëttelmier iwwer 600 Flüchtlinge gerett huet, weist op en Neits dat d’Flüchtlingsproblematik an der EU nach laang net geléist ass. D Schëff Aquarius krut nämlech vun der maltesescher an der italienescher Regierung verbueden an deene respektiver… Weiderliesen

Déiereschutz

Virun zwee Joer gouf ee Projet de Loi am Zesummenhang fir ee besseren Déiereschutz vum Landwirtschaftsministère virgestallt. Dës Woch ass dann dat neit Déiereschutzgesetz an der Chamber eestëmmeg gestëmmt ginn. Mee wat heescht dat néit Gesetz fir Déieren a fir d’Besëtzer? Dat gitt dir dës Woch vun eisem Artikel gewuer. Dat néit Déiereschutzgesetz soll dat alt Gesetz vun 1983 ersetzen. D’Ëffentlechkeet huet an de leschte Joren sech ëmmer méi fir ee bessere Schutz fir Déieren a méi héich Strofen agesat. 2014 goufen am Parlament zwou Petitiounen an enger Sëtzung diskutéiert, déi Erfolleg hate mat iwwer 4500 Ënnerschrëften. Mat der Aféierung , dat Déieren eng Dignitéit hunn, bréngt dat eng ganz néi Perspektiv an den Déiereschutz.… Weiderliesen

EU Dateschutz-Reglement

Wat ass dat nei EU Dateschutz-Reglement, firwat ass et gutt a wat fir Auswierkungen huet et op eis? De 25. Mee ass offiziell dat neit Dateschutz-Reglement, am allgemenge bekannt als GDPR (wat fir General Data Protection Regulation steet), a Kraaft getrueden an huet domatten europawäit gesetzlech bestëmmt, wéi grouss Firmen, de Staat, mä awer och Veräiner a souguer vereenzelt Blogger zum Beispill, dierfe mat perséinlechen Daten ëmgoen. Deemno gëllt et fir jiddereen, dee perséinlech Date veraarbecht. Ausgeholl sinn dobäi awer natierlech d´Daten, déi gebraucht gi vun der Police, fir d´Opdeckung vu Strofdoten, fir déi et allerdéngs awer och en neit Reglement gëtt.… Weiderliesen

Parlamentswahlen an Italien

Wat ass an Italien geschitt, wien huet Wahle gewonnen a wat kéint sech veränneren? Den 28ten Dezember 2017 huet den italienesche Staatspresident Sergio Mattarella per Dekret d’Chamber an de Senat opgeléist fir domadder nei Wahle ze lancéieren, déi doropshin de 4te Mäerz ofgehale goufen. Gewielt gouf e neit Parlament an e groussen Deel vum Senat.  Virun de Wahle gouf Italien vun enger Mëtt-Lenks-Koalitioun regéiert, mat der Demokratescher Partei (Partito Democratico) un der Spëtzt déi mam Matteo Renzi an dem Paolo Gentiloni déi zwee wichtegst Memberen vun der Regierung gestallt hunn. D’Demokratesch Partei war bei de leschte Wahlen am Joer 2013 an d’Regierung komm, obwuel d’5 Stäre Beweegung ( Movimento 5… Weiderliesen