Eis Equipe

Michel Scholer
Editeur / Auteur
Ech si Project Manager bei der Association Narin an hunn am Bachelor Politik an International Relatiounen studéiert. Dono hunn ech op der LSE en Master an der Politescher Economie vun Europa gemaach. Ech interesséieren mech virun allem un Sozial- an Wirtschaftspolitik, esou wéi un Europäescher Politik.
Carmen Maroldt
Editrice
Ech studéiere Kommunikatioun zu Bréissel a si Presidentin vum ELSIC (Cercle des étudiants luxembourgeois en Siences de l’information et de la Communication). Ech sinn dovun iwwerzeegt dat et och an der Kommunikatiounsbranche wichteg ass, ze wësse wat an der Politik leeft. An den Zeitunge fënnt een oft komplizéiert a laang Artikelen, wou et schwéier fällt se ganz ze liesen. « A 500 Wierder » ass dofir déi ideal Léisung!
Nora Haeck
Editrice
Ech studéiere Kommunikatioun ob der IHECS zu Bréissel a si Vize-Presidentin & Tresorière beim ELSIC, dem Cercle vun de Lëtzebuerger Kommunikatiouns- an Informatiounsstudenten. Ech sinn iwwerzeegt dass « A 500 Wieder » eng flott Méiglechkeet fir déi Jonk ass, sech ob eng schnell a verständlech Aart a Weis iwwert politesch Themen ze informéieren. Ausserdeem kënnen och eis Memberen (z.B. d’Journalismusstudenten) un deem Projet deelhuelen.
Stéphanie Neves Dias
Editrice graphique
Ech studéieren momentan zu Bréissel Kommunikatioun an PR. Journalismus an Kommunikatioun hunn mech schonn ëmmer interesséiert, an och wann ech am Moment net fir den Blog schreiwen, an mech haaptsächlech em d’Kommunikatioun vun der a.s.b.l. këmmeren, kéint ech mir schonn virstellen an noer Zukunft den een oder aneren Artikel ze verfaassen.
Kim Zoenen
Auteur
Ech si Student zu Wien a studéiere Politik. Meng Haaptinteressen an der Politik si politesch Theorien, International Politik an Entwécklung, d’Europäesch Unioun an awer och déi lëtzebuergesch Politik. Et ass wichteg dat sech méi Leit an och d’Jugend sech fir Politik interesséieren, well si all vun hier betraff sinn. Dowéinst sinn ech frou bei „an500wierder“ hëllefen ze kënnen.
Sarah Diederich
Auteur
Ech studéiren zu Tübingen parallel International Economie, Rhetorik a Mediewëssenschaft. Ech si selwer politesch aktiv zu Lëtzebuerg, mä interesséiere mech och fir politesch Groussmuechten. Als Economist verfollegen ech virun allem international politesch Ofkommen, während de Rhetoriker kommunikativ Phänomener wéi Populismus ënnert d’Lupp hëllt. Ech sinn frou kënne mam Blog fir politesch Opklärung ze schaffen.
Katarina Ivesic
Auteur
Ech hunn Englesch Literatur an European Studies zu London studéiert. Ech interesséiere mech fir politesch Ideologien a Konflikter, mä awer och fir Kultur a wéi Kultur Ideologien beaflosst an och kreéiert. De Moment schaffen ech als Assistentin bei engem Europadeputéierten, woubäi ech als Studentin an direkt no der Uni fir eng Zäit am Journalismus geschafft hunn.
Tom Haas
Auteur
Ech studéieren säit dem September 2016 Sciences Politiques zu Bréissel. Vir mech ass et enorm wichteg permanent iwwer Politik an Aktualitéit informéiert ze sinn, well déi Sujeten oft op ons eegent Liewen een direkten Afloss hunn. Dowéinst engagéieren ech mech an der Association Narin vir domadder och aneren Leit Politik an aktuell Themen einfach ze erklären.
Charel Metz
Auteur
Ech sinn Ingenieurstudent zu Zürich, Fokus Energie. Kléngt technesch, ass awer spéidstens beim Klimawandel an de Schlagzeilen. Grad d’Zesummenhäng mat der Politik fannen ech dobäi interessant, an ech freen mech och sou Themen hei um Blog kënnen z’erkläeren.

Comments are closed.