Aarbechtsgesetz

D’Aarbechtsgesetz sammelt all d’Gesetzer a Reglementer zesummen, déi d’Aarbechtswelt am private Secteur bestëmmen. Weiderliesen

Aarbechtslosegkeet

Als aarbechtslos bezeechent een eng Persoun déi keng Aarbecht huet, mee eng wéilt. D’Aarbechtslosenzuel ass deementspriechend d’Zuel vu Leit déi keng Aarbecht hunn als Prozentsaz vun der aktiver Populatioun – also der Populatioun déi eng Aarbecht sicht. An dëser Populatioun zielen also zum Beispill net Schüler/Studenten, Pensionären oder Elteren déi doheem bleiwe fir op d’Kanner opzepassen. Weiderliesen

Aarbechtsmaart

Als Aarbechtsmaart bezeechent een den « Maart » op deem, op der enger Säit, Employeure eng Aarbechtsplaz ubidden an nom beschten Kandidat sichen, an op der anerer Säit, Employéë hir Aarbechtskraaft ubidden an no der bescht méiglecher Aarbechtsplaz sichen.  Weiderliesen

Aarmut

Et gëtt ënnerschiddlech Kategorië vun Aarmut. Eng Persoun déi an « absoluter Aarmut » lieft, huet net méi wéi $1 pro Dag fir ze liewen (1996 Dollarwäert). « Relativ Aarmut » bezeechent dogéint eng Persoun déi manner verdéngt wéi 50% vun der Mediane vun de Gehälter an deem Land wou dës Persoun lieft. Nieft dësen 2, gëtt et awer nach aner Kategorië vun Aarmut. Weiderliesen

AfD (Alternative für Deutschland)

D’Alternative für Deutschland (AfD) ass eng däitsch Partei, déi 2013 gegrënnt ginn ass, fir sech fir d’Opléise vum Euro anzesetzen. Zanter deem de Parteigrënner Bernd Lucke allerdéngs 2015 ofgewielt gouf, huet d’Partei sech virun allem an der Flüchtlingskris fir eng immens streng Politik agesat, déi och net d’Schéissen op Flüchtlingen, déi illegal iwwert d’Grenze kommen ausgeschloss huet. Weiderliesen

Ajatollah Khamenei

Den Ajatollah ass de wichtegste Personnage an der Islamescher Republik vun Iran. Hien entscheet iwwert all déi grouss Decisiounen an der Politik. Am Moment ass de Sayyed Ali Khamenei Ajatollah, nodeems hien de Ruhollah Khomeini am Joer 1989 ersat huet. Weiderliesen

Ambassadeur

En Ambassadeur ass responsabel fir säi Land vis-à-vis vun engem anere Land ze vertrieden an d’Bezéiungen tëschent den zwee Länner ze geréieren. Hien/Si ass den offizielle Representative vu sengem Land. Weiderliesen

Anarchismus

Ënner Anarchismus versteet een eng politesch Philosophie, déi all Form vun Hierarchie an enger Gesellschaft ofleent. D’Zil ass et de Mënschen déi komplett Fräiheet ze gi selwer iwwert hiert Liewe kënnen ze bestëmmen. Weiderliesen

Arabescht Freijoer

Als Arabescht Fréijoer bezeechent een eng Well vu Protester an Zivilkricher, déi am Dezember 2010 an Tunesien ugefaangen hunn a gréisstendeels am Ufank op méi Demokratie gezielt hunn. Déi bekanntsten Episode sinn d’Revolutioun an Egypten an d’Biergerkricher a Libyen an a Syrien. Weiderliesen

Arbeitgeber / Employeur

En Employeur ass eng Organisatioun déi Aarbechtsplazen ubitt an Employeuren bezilt fir dës Aarbechten auszeféieren. Dëst kënnen Entreprisen, de Staat oder aner net-staatlech Organisatioune sinn, déi Aarbechter astelle fir hir Ziler ze erreechen. Weiderliesen

Aristokratie

Eng Aristokratie ass eng Staatsform, wou eng kleng Grupp d’Muecht am Land huet. No wat fir engem Critère dës Grupp sech zesumme setzt ass net definéiert, mee an der Geschicht war dëst oft eng Grupp vun adelegen Familljen. Eng Aristokratie ass domadder am Géigesaz zu enger Demokratie. Weiderliesen