Exekutive

D’Exektuive besteet normalerweis aus der Regierung an den Administratiounen. Si ass responsabel fir d’Ausféierung vun de Gesetzer. D’Exekutive ass nieft der Legislative an der Judikative eng vun den dräi “Gewalten” an engem Staat. Zesumme ginn dës dräi Gewalten als exklusiivt Recht vum Staat gesinn, well si néideg sinn, fir d’Gesetzer an engem Land ze bestëmmen. An enger Demokratie sollen déi dräi dofir vunenee getrennt sinn a sech géigesäiteg iwwerwaachen, fir e Mëssbrauch vun dëser Staatsgewalt ze verhënneren.

Related Entries

Bookmark the permalink.

Comments are closed.