Mindestloun

En Mindestloun ass de Minimum deen eng Persoun an engem Land muss fir seng Aarbecht verdéngen. Ob a wéi héich dëse Minimum ass hänkt vum Land a vun der Zäit of. En Mindestloun kann och nëmme fir bestëmmte Branchen oder Bildungsniveauen gëllen. Weiderliesen

Minister

E Minister ass normalerweis de politesche Chef vun op mannst engem Ministerium. Zesumme forméieren all d’Ministeren d’Regierung – och Cabinet genannt. Zu Lëtzebuerg kënne si Gesetzer proposéieren a si sinn dofir responsabel, dass Gesetzer a Reegelen, déi am Parlament ofgestëmmt goufen, deementspriechend ausgefouert ginn. Dat mécht si zu engem Deel vun der Exekutive. Weiderliesen

Monarchie

Eng Monarchie ass eng Staatsform an där en Adelegen Staatschef ass. Hien/Si kritt dës Roll normalerweis duerch Ierfschaft a behält se bis zum Dout oder zum Ofdanken. Weiderliesen

Monopol

En Monopol bezeechent eng ekonomesch Situatioun an där et nëmmen ee Verkeefer fir en bestëmmte Produit gëtt. En Monopol féiert oft zu méi héijen Präisser a méi schlechter Qualitéit vum Produit wéi eng Situatioun an där Konkurrenz herrscht. Weiderliesen

NATO

D’NATO ass eng Allianz vun 28 Länner – virun allem Amerika an e groussen Deel vun Europa – déi sech all géigesäiteg assuréiert hunn, dass am Fall, wou ee Land ugegraff gëtt, all d´Länner bei der Verteidegung hëllefen. D’Organisatioun ass kuerz nom Zweete Weltkrich gegrënnt ginn an huet am Kale Krich Europa géint Attacke vun der Sowjetunioun geschützt. Weiderliesen

Nepotismus

Nepotismus bezeechent eng Situatioun an där eng Persoun seng berufflech Positioun dozou benotzt sengen Familljememberen Virdeeler ze verschafen. Weiderliesen

Neutralitéit

Neutralitéit ass den Entschloss vun engem Land sech aus engem Konflikt eraus ze halen. Et kann och den Entschloss sinn sech permanent aus all Konflikt eraus ze halen. Weiderliesen

NGO

Eng Net-Regierungs-Organisatioun ass eng Organisatioun déi sech zesumme fonnt huet fir en gemeinsamen Interessi ze vertrieden, mee net vum Staat legitiméiert ass. Heibäi handelt et sech oft em Gruppen déi sech fir sozial- oder ëmweltpolitesch Themen asetzen, mee net ausschliesslech. Beispiller sinn : Greenpeace an Human Rights Watch. Weiderliesen

NPD

D’Nationaldemokratesch Partei vun Däitschland (NPD) ass 1964 gegrënnt ginn a verfollegt ähnlech Ziler, wéi d’NSDAP ënnert dem Hitler. Si baséiert vill vun hire Politiken op Rassentheorie an ass géint d’Gläichberechtegung vu Fraen an Homosexueller. D’Partei huet Memberen am Regionalparlament vu Mecklenburg-Vorpommern an am Europaparlament. Weiderliesen

Nuclear Non-Proliferation Treaty

Den Nuclear Non-Proliferation Treaty ass en internationaalt Ofkommes tëscht 190 Länner, dat et nëmmen Amerika, China, England, Frankräich a Russland erlaabt, Atombommen ze besetzen a si dozou verflicht, se no an no ofzebauen. Vun all den Ofkommen, déi Waffe limitéieren, ass dëst deen, deen déi meeschte Länner ënnerschriwwen hunn. Weiderliesen

Oligarchie

An enger Oligarchie ass d’Muecht vun engem Land an den Hänn vun enger klenger Grupp vu Leit konzentréiert. Dofir gëtt eng Oligarchie och oft als Gefor fir eng Demokratie gesinn. Weiderliesen

Ombudsmann/-fra

En(g) Ombudsmann/-fra ass eng onparteiesch, onofhängeg Persoun un déi sech all Bierger wende ka fir administrativ Beschwerden virzedroen. Hien/Si gëtt vum Staat ernannt fir de Mëssbrauch vu Muecht an enger Administratioun opzedecken. Weiderliesen