Onofhängegkeet

Onofhängegkeet ass d’Recht vun engem Land seng Entscheedunge selwer treffen ze kënnen, ouni dobäi mussen op aner Länner missen ze lauschteren. Weiderliesen

Oppositioun

Als Oppositioun bezeechent een déi Parteien an enger Demokratie, déi net an der Regierung sinn. An enger Demokratie ass d’Aarbecht vun enger Oppositioun immens wichteg, well si dem Vollek eng Alternative zur Regierung ubidde kënnen an d’Regierung iwwerwaachen, sou dass si keen Abus vun hirem Pouvoir maachen. Weiderliesen

OSZE

D’Organisatioun fir Sécherheet an Zesummenaarbecht an Europa besteet aus 57 Staaten an ass den 1. August 1975 gegrënnt ginn. D’Aufgab ass d’Sécherung vum Fridden an Europa ze stabiliséieren. Si huet net déi militäresch Mëttele wéi d’NATO, mä am Fall vun engem Konflikt gëtt se als éischt kontaktéiert. Si huet hiren Haaptsëtz zu Wien. Weiderliesen

Paramilitäresch

Als paramilitäresch bezeechent een eng bewaffent Grupp déi wéi en Militär organiséiert ass, mee net offiziell Deel vum Militär vun engem Land ass. Weiderliesen

Parlament

De legislativen Deel vum Staat, wat bedeit dass et den Deel ass, deen iwwert Gesetzer ofstëmmt, d’Regierung kontrolléiert an d’Bevëlkerung representéiert. E Parlament besteet aus enger festgesater Unzuel vun Deputéierten. Zu Lëtzebuerg: d’Chambre des Députés. Weiderliesen

Partei

Eng Partei an der Politik ass eng Grupp vu Leit déi versicht Wahlen ze gewannen an d’Majoritéit am Parlament ze kréien. Dofir proposéiert eng Partei en Programm vu spezifesche Politike fir de Wieler ze iwwerzeege fir si ze wielen. Weiderliesen

Pazifismus

Pazifismus ass d’politesch Positioun déi sech konsequent fir eng Welt ouni Krich, Militär a Gewalt asetzt. Bekannte Beispiller vu pazifistesche Beweegunge sinn : Onofhängegkeet vun Indien ënnert dem Gandhi an d’Beweegung fir d’Emanzipatioun vun Afroamerikaner an Amerika ënnert dem Martin Luther King. Weiderliesen

Pensioun

Eng Pensioun ass eng finanziell Ofsécherung fir d’Zäit nom Schaffen. Eng Persoun bezilt an d’Pensioun an während se Sue verdéngt a kritt Suen aus der Pensioun wann se ophält mat schaffen. Weiderliesen

Petitioun

Am politesche Sënn ass eng Petitioun eng Propose un de Staat fir eppes ze änneren. Fir dass dës Propose méi Gewiicht beim Staat huet, gëtt se vun sou vill wéi méiglech Leit ënnerschriwwen. Weiderliesen

PIB

Als “Produit Intérieur Brut” bezeechent een de gemeinsame Wäert vun all de Produkter, déi innerhalb vun engem Joer um Territoire vun engem Land produzéiert goufen. Et ass eng vun de meescht benotzte Statistiken, fir de Räichtum vun engem Land ze bestëmmen. Momentan huet d’Europäesch Unioun den héchste PIB, virun den USA a China. Weiderliesen

PKK

D’PKK ass eng kurdesch Aarbechterpartei mat kommunistescher Ideologie. Si kämpft politesch a militäresch fir d’Grënnung vun engem onofhängege Land fir d’Kurden, Kurdistan. Wéinst hirer Gewaltuwendung gëtt si international als terroristesch Organisatioun agestuuft. Weiderliesen

President

An enger Republik ass de President gläichzäiteg den ieweschte Representant vum Staat an de Regierungschef – am Geigensatz zu enger konstitutioneller Monarchie, wou de Kinnek Staatschef ass an de Premierminister Regierungschef. Et hänkt vun der Konstitutioun vum Land of, wéi vill Muecht e President als Eenzelen huet fir d’Politik a sengem Land ze bestëmmen. Weiderliesen