Utopie
Eng Utopie ass eng erfonnte Gesellschaftsuerdnung, déi de perfekte System virgesäit. Am Alldag gëtt et allerdéngs oft an engem méi negative Sënn benotzt, wou et eng Virstellung ass déi an der Realitéit net ëmzesetzen ass. Weiderliesen
Eng Utopie ass eng erfonnte Gesellschaftsuerdnung, déi de perfekte System virgesäit. Am Alldag gëtt et allerdéngs oft an engem méi negative Sënn benotzt, wou et eng Virstellung ass déi an der Realitéit net ëmzesetzen ass. Weiderliesen
De Verbraucherpräisindex ass en Indicateur fir d’Héicht vun der Inflatioun an enger Wirtschaft. En gëtt gerechent andeems d’Entwécklung vun de Präisser vun enger Reih virgeschriwwener Produiten analyséiert gëtt. An verschiddene Länner (zB Lëtzebuerg) gëtt dëse Präis da benotzt fir automatesch d’Salairen an d’Luucht ze setzen. Weiderliesen
Ënner Verscholdung versteet een de Betrag un Suen deen de Staat geléint huet an nach zeréck bezuele muss. Bei engem Staat gëtt dëse Montant normalerweis als Prozentsaz vum PIB genannt. Dëse Grad kann also erofgoe wann d’Scholden zeréck bezuelt ginn oder wann d’Wirtschaft méi wiisst. Weiderliesen
En Veto ass d’Muecht eng Entscheedung vun engem anere Staatsorgan ze blockéieren. Esou kann den amerikanesche President zum Beispill eng Decisioun vum Parlament blockéieren andeems hien säi Veto benotzt. Weiderliesen
En Visum ass en Dokument vun engem Land dat et enger Persoun erlaabt an d’Land anzereesen. Weiderliesen
De Wahlkampf ass d’Period virun enger Wahl an där Parteien an hir Kandidate versichen de Bierger ze iwwerzeege bei der Wahl fir si ofzestëmmen. Weiderliesen
Eng Zensur ass de Versuch vum Staat fir d’Verbreede vun Informatiounen ze verbreeden. Heibäi geet et oft dorëms Informatiounen zeréck ze halen déi dem Staat oder wichtege Leit schuede kéinten. Weiderliesen
Ënnert Zivilgesellschaft versteet een den Deel vun der Gesellschaft, deen net vum Staat organiséiert gëtt. Weiderliesen