Bankekrise

Eng Bankekrise ass eng Situatioun an där eng Bank esou Verloschter huet, dass et méiglech ass, dass si faillite geet. Dëst kann och aner Banken a souguer ganz Länner esou vill Sue kaschten, dass och déi Banken an Länner an d’Gefor komm fir faillite ze goen. En Beispill ass déi international Bankekris vun 2008/09. Weiderliesen

Begnodegung / Amnestie

Eng Begnodegung ass d’Verklengeren oder d’Erloosse vun enger Strof zu där eng Persoun vun engem Geriicht veruerteelt gouf. D’Recht eng aner Persoun ze begnodegen hunn nëmme wéineg Leit an engem Land. Wien genau, hänkt vun der Rechtslag an den ënnerschiddleche Länner of. Weiderliesen

Berlin Blockade

West-Berlin ass duerch d’Sowjetunioun total blockéiert ginn, well ronderëm vu West-Berlin Ost-Däitschland an Ost-Berlin loungen, déi ënnert der Kontroll vun der UDSSR stoungen. Duerch déi Blockade konnte Bierger vu West-Berlin, kontrolléiert vun de Fransousen, Briten an den Amerikaner, net méi mat Liewensmëttele versuergt ginn. Dofir misste si mat Fligere Këschten iwwer West-Berlin erofgeheien. (Berliner Luftbrücke) Weiderliesen

Biergerkrich

En Biergerkrich ass en Krich tëschent zwou oder méi Gruppen aus dem selwechte Land. D’Grënn fir Biergerkrich kënne ganz ënnerschiddlech si – politesch, ethnesch, reliéis oder sozial. Weiderliesen

Biergerkrich

E Biergerkrich ass e Krich tëschent op d´mannst zwou Gruppen um Territoire vun engem Land. Et gëtt ënnerschiddlech Grënn fir Biergerkricher. Et kann dobäi ëm d’Onofhängegkeet vun enger Regioun; ëm d’Muecht am ganze Land; oder ëm ethnesch a reliéis Motivatioune goen. Momentan gëtt et weltwäit iwwert 20 Kricher, déi ënnert dës Definitioun vu Biergerkrich falen. Weiderliesen

Brexit

Brexit: “Brexit” setzt sech aus de Wierder “Britain” an “exit” zesummen a bezeechent d’Méiglechkeet, dass England aus der Europäescher Unioun austriede kéint. Weiderliesen

Budget annuel

An de meeschte Staaten gëtt all Joer en Budget ofgestëmmt. Dëst ass e speziellt Gesetz an deem festgehale gëtt wéi vill Suen de Staat mengt iwwert déi nächst 12 Méint auszeginn a wéi vill en mengt eranzekréien. Domatter leet de Budget déi finanziell Limitte fest an deenen d’Ministeren an d’Administratiounen déi nächst Méint schaffe mussen. Weiderliesen

Bundesrat

De Bundesrat an Däitschland setzt sech aus de jeeweilege Ministere vun de 16 Bundeslänner zesummen. Hei kënnen déi eenzel « Länner » un Gesetzer an un europäeschen Theme mat entscheeden. Weiderliesen

Bürokratie

Als Bürokratie bezeechent een d’Gesamtheet vun den Administratiounen an Ministeren vum Staat. Weiderliesen

Burschenschaft Marko Germania

Dëst ass eng Aart Studenteverbindung an Eisterräich, déi mengt, dass all Vollek seng Platz a senger Natioun huet. Vill Membere gesinn deemno Eisterräich als Deel vun Däitschland un a sinn der Meenung, dass Auslänner zeréck an hiert Land solle goen. Et kann ee verschiddener als däitschnational a rietsextrem ugesinn. All 3. Politiker vun der FPÖ war an esou enger Burschenschaft. Weiderliesen