Jee nodeem ob et sech ëm e geschlossenen oder oppene Caucus handelt, ass e Caucus eng Versammlung vu Parteimemberen oder -Ënnerstëtzer. Op dëser Versammlung gëtt driwwer diskutéiert, wéiee Kandidat ënnerstëtzt soll ginn an de Wahlen. Weiderliesen
D’CDU ass eng däitsch Partei, déi 1945 gegrënnt gouf a sech fir liberal-konservativ Politik asetzt. Si verdeedege kulturell Traditiounen, wëllen d’Staatsfinanzen am Grëff halen a si pro-EU. Bekannt Membere sinn: de Konrad Adenauer, de Wolfgang Schäuble, d’Angela Merkel, an d’Ursula von der Leyen. Weiderliesen
„Comprehensive Economic and Trade Agreement“ si Verhandlungen tëscht der EU a Kanada fir eng Fräihandelszone opzebauen. Ugefaangen hunn d’Verhandlungen 2014 a sinn, wéi och TTIP-Negociatiounen, onbeléift béi de Mënschen. Weiderliesen
Dëse Begrëff ass nom Hugo Chávez, dem eemolege venezolanesche Staatspresident, benannt. Et beschreift eng lénks-sozialistesch autoritär Politik, déi fir staatlech Interventioun an der Ekonomie, eng Verdeelung vum Wuelstand, eng Verstaatlechung vun Entreprisen an d’Fuerderung vun der sozialer Ënnerstëtzung steet. Weiderliesen
D’Central Intelligence Agency (CIA) ass en amerikanesche Geheimdéngscht, deen sech op Informatiounen iwwert d’Ausland fokusséiert. Et ass déi eenzeg Organisatioun déi geheim Operatiounen op Befeel vum President ausféieren dierf. D’Agence ass verwéckelt a vill bekannten Affäre – dorënner den 1953 Coup am Iran, d’Bay of Pigs Invasioun a Kuba an d’Iran/Contra Affär. Weiderliesen
CO2 – oder Kuelendioxid – entsteet virun allem duerch d’Verbrenne vu Kuel, Äerduelech a Gas, mä och als Nieweprodukt vun der Déierenhaltung. Si sinn Haaptgrond fir d’Äerderwäermung a sollen dofir reduzéiert ginn. Weiderliesen
Dat ass e Bündnis vu selbstännege Gebitter, déi duerch e Kontrakt festgehale ginn an hir Souveränitéit bäibehalen. Bei enger Confederatioun sinn déi Gebitter méi autonom, wéi bei enger Federatioun. Als Beispill vun enger Confederatioun kann een d’Schwäiz nennen. Weiderliesen
COP21: COP21 ass eng englesch Ofkierzung fir Conference of the Parties, woumat all déi Länner gemengt sinn, déi de Kontrakt ënnerschriwwen hunn, fir bei de verschiddene Konferenze matzemaachen. D’Zuel 21 steet fir déi 21. Versioun vun der Klimakonferenz. Weiderliesen