Deflatioun

Als Deflatioun bezeechent een en unhalenden, staarke Réckgang vu Präisser an der Ekonomie. Dëst geschitt wann et ze wéineg Demande fir d’Offer an der Ekonomie gëtt. Weiderliesen

Demagogie

Obwuel Demagog fréier en gudde Riedner bezeechent huet, ass en Demagog haut oft negativ gemengt. Haut versteet een ënnert Demagogie de Versuch duerch Appeller un Emotiounen an Viruerteeler d’Vollek op seng Säit ze bréngen. Weiderliesen

Demografie

D’Demografie ass den Deel vun der Wëssenschaft deen sech mat der Entwécklung vu Bevëlkerungen ausernee setzt. Weiderliesen

Demokratesch Partei

D’Demokraten ass eng vun den zwou Parteien an Amerika an ass 1828 gegrënnt ginn. Generell verfollegen d’Demokraten eng liberal Politik a setze sech fir eng staark sozial Politik; ëmweltfrëndlech Politik; a Gläichberechtegung an. Déi bekanntste Leit aus der Partei sinn: de Franklin D. Roosevelt; den John F. Kennedy; an de Barack Obama. Weiderliesen

Demokratie

Demokratie setzt sech aus de griichesche Wierder fir « Vollek » an « herrschen » zesummen. Deemno ass eng Demokratie en Land an deem d’Vollek d’Muecht huet. Dëst ass, zum Beispill, am Géigesaz zu enger absoluter Monarchie, wou eng royal Famill d’Muecht huet. Obwuel et vill ënnerschiddlech Zorte vun Demokratië gëtt, hunn se all gemeinsam, dass d’Bierger sech a Wahlen ausdrécke kënne wéi d’Land regéiert soll ginn an dass d’Staatsgewalt vun Exekutive, Legislative a Judiciaire getrennt sinn. Weiderliesen

Demonstratioun

Eng Demonstratioun ass d’Zesummekomme vun enger Grupp vu Leit fir en politesche Message auszedrécken. Weiderliesen

Depressioun

Als Depressioun am wirtschaftleche Sënn bezeechent een den dauerhafte Réckgang vun der Wirtschaft vun engem Land. En wichtegen Indikator fir en Réckgang vun der Wirtschaft ass en Réckgang vum PIB. Weiderliesen

Deputéierten

E Member am Parlament. Hie representéiert d’Vollek, kontrolléiert d’Regierung, stëmmt iwwert d´Gesetzer of an ass normalerweis Deel vun enger politescher Partei. Zu Lëtzebuerg ginn et der 60, déi all 5 Joer nei gewielt ginn a sech momentan a 6 Parteien opdeelen. Weiderliesen

Diktator

En Diktator ass eng Persoun, déi eleng oder mat Hëllef vun enger klenger Grupp, iwwert e Land regéiert. An enger Diktatur ginn normalerweis d’Mënscherechter net berécksiichtegt, d’Justiz an d’Press sinn net onofhängeg a Wahle sinn net fräi. Beispiller sinn/waren: Saddam Hussein am Irak, Baschar al-Assad an Syrien, Muammar al-Gaddafi a Libyen. Weiderliesen

Diplomat

En Diplomat ass eng Persoun déi vu sengem Land domat beoptraagt gouf säin Land bei engem anere Land oder enger internationaler Organisatioun ze vertrieden. Weiderliesen

Dynastie

Eng Dynastie ass d’Nofolleg vu Memberen aus der selwechter Famill an de wichtegste Positioune vun engem Staat. Weiderliesen