D’Demokraten ass eng vun den zwou Parteien an Amerika an ass 1828 gegrënnt ginn. Generell verfollegen d’Demokraten eng liberal Politik a setze sech fir eng staark sozial Politik; ëmweltfrëndlech Politik; a Gläichberechtegung an. Déi bekanntste Leit aus der Partei sinn: de Franklin D. Roosevelt; den John F. Kennedy; an de Barack Obama. Weiderliesen
Demokratie setzt sech aus de griichesche Wierder fir « Vollek » an « herrschen » zesummen. Deemno ass eng Demokratie en Land an deem d’Vollek d’Muecht huet. Dëst ass, zum Beispill, am Géigesaz zu enger absoluter Monarchie, wou eng royal Famill d’Muecht huet. Obwuel et vill ënnerschiddlech Zorte vun Demokratië gëtt, hunn se all gemeinsam, dass d’Bierger sech a Wahlen ausdrécke kënne wéi d’Land regéiert soll ginn an dass d’Staatsgewalt vun Exekutive, Legislative a Judiciaire getrennt sinn. Weiderliesen