Electoral College

Den Electoral College ass de System an deem de President an Amerika gewielt gëtt. Wann d’Leit an Amerika wielen, stëmme se net direkt iwwert d’Kandidaten of. Si wielen un sech “Electors”, déi dann am Normalfall fir dee Kandidat ofstëmmen, deen an hirem Staat déi meeschte Stëmmen krut. Déi 538 Electors sinn opgedeelt op d’Staaten, wéi d´Sëtz am Parlament. Weiderliesen

Emigratioun

Ënnert Emigratioun versteet een e Mouvement vu Mënschen aus engem Staat eraus. Et ass de Géigendeel vun Immigratioun, wat de Mouvement vu Leit an e Staat era bezeechent. All Emigrant ass also och en Immigrant an engem anere Land. Zum Beispill eng Persoun déi aus Amerika an Däitschland plënnert, gëtt an Amerika als Emigrant bezeechent während en an Däitschland en Immigrant ass. Weiderliesen

Entwécklungslänner

E Land, dat nach grouss ekonomesch a sozial Problemer huet, sou wéi z.B. eng niddreg Liewenserwaardung, en niddregen Salaire a wéineg Bildung. Vill Länner an Afrika (z.B. Nigeria), mä och a Südamerika (z.B. Brasilien) an Asien (z.B. Thailand) ginn als Entwécklungslänner bezeechent. Weiderliesen

EOKA

National Organisatioun zypriotescher Kämpfer, déi fir d’Onofhängegkeet vu Groussbritannien gekämpft hunn. Si wollten, datt Zypern sech Griicheland uschléisst. Weiderliesen

EPA

„Economic Partnership Agreement“ si wirtschaftlech Verhandlungen tëscht der EU a verschiddene Staaten, haaptsächlech an Afrika. Si ginn dowéinst och kritiséiert, well verschidden Experten an NGOs Angscht hunn, datt d’EPAs, déi aarm Staaten nach méi aarm maache kéinten. Weiderliesen

Erneierbar Energie

Energië ginn erneierbar genannt, wann si praktesch onerschöpflech sinn, sou wéi zum Beispill d’Sonnenluucht oder de Wand. Si stinn am Géigesatz zu fossillen Energien, déi sech net erneiere – wéi zum Beispill, Ueleg oder Gas. Weiderliesen

Euro

Den Euro ass 2002 agefouert ginn an huet déi national Währunge vun 19 Länner ersat. D’Europäesch Zentralbank zu Frankfurt ass responsabel fir d’Printen an de Management vun der Währung. Obwuel den Euro zanter e puer Joer an enger Kris ass, ass en déi zweet wichtegst Währung vun der Welt, nom Dollar. Weiderliesen

Eurokris

D’Eurokris besteet u sech aus puer eenzele Krisen, déi all gemeinsam hunn, dass e puer Länner an Europa (Griicheland, Irland, Spuenien, Portugal, Italien) ze vill Scholden haten/hunn, woubäi d’Grënn firwat se souvill Scholden hunn ënnerschiddlech sinn. Op Grond vun dësen héije Scholde konnten déi Staaten net méi nei Sue léinen, fir al Scholden zeréck ze bezuelen. Dofir hunn aner Euro-Länner mat Honnerte vun Milliarden ausgehollef. Weiderliesen

Europäesch Kommissioun

D’Europäesch Kommissioun ass den exekutiven Deel vun der Europäescher Unioun, wat bedeit, dass se nei Gesetzer virschléit, d’Ëmsetze vu Gesetzer iwwerwaacht a sech ëm den Dagesmanagement vun der Europäescher Unioun këmmert. All Land stellt ee Kommissär, deen ee Portfolio betreit an am Kollegium zesumme mat all aner Kommissär iwwert all Decisioun ofstëmmt. Am Moment ass de Jean-Claude Juncker President vun der Kommissioun. Weiderliesen

Europäesch Unioun

D’Europäesch Unioun besteet momentan aus 28 Memberen, mä geet op e Verbond vu 6 Staaten aus de 1950er Joren zeréck. Haut stellt d’EU de gréissten ekonomesche Marché duer, representéiert iwwer 500 Millioune Leit an ass u villen politesche Beräicher bedeelegt. Déi wichtegst Institutiounen sinn: Europäeschen Rot; Europäescht Parlament; Europäesch Kommissioun; an Europäeschen Geriichtshaff. Weiderliesen

Europäesch Zentralbank (EZB)

D’Europäesch Zentralbank ass 1998 gegrënnt ginn, fir déi nei gemeinsam Währung vun 11 Länner – den Euro – ze verwalten. D’EZB huet folgend Aufgaben: dofir suergen, dass d’Präisser stabil bleiwen an dass et weder ze staark Inflatioun nach Deflatioun gëtt; ze versiche Rezessiounen ze vermeiden. Säit 2014 ass d’EZB och de Superviseur vun de wichtegste Banken an der EU. Weiderliesen

Europäescht Parlament

Am Europäesche Parlament stëmme 751 gewielte Vertrieder iwwert all d’Propose fir nei EU-Gesetzer of. All EU-Länner sinn hei mat méi oder manner – baséierend op Populatioun – Politiker vertrueden. Obwuel d’Parlament schonn 1952 gegrënnt gouf, ass et eréischt an de leschte 25 Joer zu enger vun de wichtegsten Institutiounen an der EU ginn. Weiderliesen