Faschismus bezeechent politesch Systemer déi ronderëm en allengegen « Führer » organiséiert sinn an extrem nationalistesch sinn. Den Numm kënnt vum Benito Mussolini, dem italieneschen Diktator aus dem 20. Joerhonnert. En anert Beispill ass den Nazi-Regimm ënnert dem Hitler an Däitschland. Weiderliesen
Federalismus bezeechent eng politesch Organisatioun déi zwee Niveau’en huet. Um ënneren Niveau sinn d’Staaten déi an verschidden Theme Kompetenzen halen. Um ieweschte – och federal genannt – Niveau sinn dës Staaten zesummegeschloss. Beispiller sinn d’USA an Däitschland. Weiderliesen
Feminismus ass eng politesch Beweegung déi sech fir d’Gläichberechtegung an d’Selbstbestëmmung vu Fraen asetzt. Weiderliesen
D’Finanzkris vun 2007/2008 huet mat der Finanzbloos am amerikaneschen Haiser-Marché ugefaangen. An den 10 Joer virdru si massiv Sue geléint ginn u Leit, déi sech et net leeschte konnten. Wéi dës geléinte Suen net méi zeréck bezuelt konnte ginn, si souguer déi gréisste Banken a Problemer komm, wat zum Bankrott vu Lehman Brothers gefouert huet. D’Kris gëtt dacks als déi schlëmmst zanter 1930 genannt, well d’Bourssen all vill Wäert verluer hunn, vill Firme Bankrott gaange sinn a vill Leit hir Aarbechten an Haiser verluer hunn. Weiderliesen
Der Genfer Konventioun vun 1951 no, déi vu bal all Land ënnerschriwwen ass, zielt een als Flüchtling, wann ee virun Krich oder politescher Verfolgung op Grond vun senger Hautfaarf, Relioun, Nationalitéit oder politescher Iwwerzeegung fortleeft. Weiderliesen
Föderalismus bezeechent e politesche System, deen op zwou Stufen opgedeelt ass – eng Zentralregierung a méi kleng Provënzen oder Staaten. Beispiller sinn: Amerika, Däitschland oder Indien. Weiderliesen
Ënner Folter versteet een d’geplangten Ausübe vun Schmerz un enger Persoun fir en bestëmmten Zweck. Dësen Zweck ass oft en Geständnis oder eng Informatioun. Weiderliesen
Eng Fräihandelszone ass eng Regioun, an där all d’Länner sech eens gi sinn, d’Produkter déi an anere Länner vun dëser Regioun produzéiert goufen an hirem Marché ouni Barrièren oder Steieren unzëerkennen. De gréisste Fräihandelsmarché ass momentan d’EU. Weiderliesen
D’FPÖ ass eng rietspopulistesch Partei, déi sech als däitsch-national Lager gesäit. Si sinn Islamophob, auslännerfeindlech, EU-skeptesch a vill Memberen hu Kontakter zu der rietsextremer Zeen. Verschidde Politiker sinn och wéinst NS-Aussoen oder Verhetzunge verklot ginn. Weiderliesen
De Front National ass eng politesch Partei ënnert der Leedung vum Marine Le Pen. Se ass virun allem bekannt fir hir Oflehnung vun Immigratioun an hirem Wëllen, Frankräich aus der Europäescher Unioun ze huelen. Laang als “onwielbar” bezeechent, huet de FN an de leschte Joren ëmmer besser Resultater gehat. Weiderliesen