G20

D’G20 ass en Forum an deem sech d’Staats- an Regierungscheffen vun de Länner mat den 20 gréissten Ökonomië vun der Welt treffe fir iwwert ekonomesch, politesch an Ëmweltproblemer ze beroden, déi vu kenger anerer Organisatioun kenne geléist ginn. Weiderliesen

G8

D’G8 ass en Forum an deem sech d’Staats- an Regierungscheffen vun de Länner mat de 7 gréissten Ökonomië vun der Welt (+ Russland) treffe fir iwwert ekonomesch Problemer ze beroden. D’Membere sinn Däitschland, Frankräich, Italien, Japan, Kanada, England, d’USA a Russland. Weiderliesen

Geheimdéngscht

En Geheimdéngscht sammelt an evaluéiert national an international Informatiounen zur Sécherheet vum Land. Verschidde Länner hunn méi wéi ee Geheimdéngscht. Wéi d’Aufgaben ënnert dësen opgedeelt ginn hänkt vum Land of. Beispiller sinn d’CIA oder de BND. Weiderliesen

Gemeng

Eng Gemeng ass a ville Länner den niddregsten administrativen Niveau. Fir d’politesch Responsabilitéit vun dësem Niveau ginn normalerweis lokal Wahle gehalen fir en Buergermeeschter ze bestëmmen. Zu Lëtzebuerg gëtt et 105 Gemengen. Weiderliesen

Genozide

En Genozide – oder Vëlkermord – ass dat bewosst Zil eng bestëmmte Grupp vu Leit ganz oder deelweis ze zerstéieren. Säit 1948 ass Genozide eng international Strofdot. En Beispill vun engem Genozide ass den Holocaust ënnert den Nazien an Däitschland. Weiderliesen

Gewaltentrennung

Ënnert Gewaltentrennung versteet een d’Deelung vun der Staatsgewalt op ënnerschiddlech Organer vum Staat. D’Zil ass et ze verhënneren dass ze vill Muecht sech an engem Organ konzentréiert an esou d’Fräiheet an d’Gläichheet gefährdet. Déi dräi Staatsgewalten déi getrennt ginn, sinn : d’Legislative, d’Exekutive an d’Judiciaire. Weiderliesen

Globaliséierung

Ënnert Globaliséierung versteet een den Prozess an deem ëmmer méi Verbindungen tëschent Leit, Gesellschaften, Institutiounen a Länner entstinn. Dës Verbindunge kënnen ënner anerem ekonomescher, politescher a kultureller Natur sinn. Weiderliesen

Golden Dawn

Golden Dawn (“Gëllen Morgendämmerung”) ass eng griichesch rietsextrem Partei, déi zanter 1993 unerkannt ass. Si diskriminéiere Leit mat enger anerer Hautfaarf oder sexueller Orientéierung a wëllen, dass nëmme Leit mat “rengem, griicheschem Blutt” d’Wahlrecht sollen hunn. All Partei-Member muss “Mein Kampf” vum Adolf Hitler gelies hunn. Weiderliesen

Gouverneur

En Gouverneur ass de Chef vun engem zivillen oder militäreschem Beräich an engem Gebitt. An Amerika, zum Beispill, ass en Gouverneur de Regierungschef vun engem Bundesstaat – sou wéi, zum Beispill, den John Kasich am Bundesstaat Ohio. Weiderliesen

Gréng Partei

Déi gréng Parteien an Europa sinn éischter liberal, géint Atomkraaft a setze sech fir eng Friddenspolitik an. Hir Haapttheme sinn: Ëmweltpolitik, Gläichstellung vu Mann a Fra, Gender-Mainstreaming, Bildung a Sozialpolitik. Mä se hunn och eng Plattform opgebaut, fir déi méi klassesch politesch Themen, wéi Wirtschaft, Aussepolitik, Europapolitik, asw. Weiderliesen