Identitéit
Identitéit am politesche Sënn bezeechent d’Mierkmoler déi eng Gesellschaft als wesentlech gesi fir Deel vun der Gesellschaft ze sinn. Weiderliesen
Identitéit am politesche Sënn bezeechent d’Mierkmoler déi eng Gesellschaft als wesentlech gesi fir Deel vun der Gesellschaft ze sinn. Weiderliesen
Et gi vill politesch Ideologië wéi zum Beispill: Kommunismus, Kapitalismus, Liberalismus, Sozialismus… Si verdeedege verschidde Wäerter. Wann een eng Ideologie huet, ass ee mat deene Wäerter d’Accord an et wëll een dat och esou am Liewen oder an der Politik vertrieden. Weiderliesen
Et ass déi lescht juristesch Instanz an engem Land, wat bedeit, dass all Decisioun vun dësem Geriicht definitiv ass an net méi nei verhandelt ka ginn. Zu Lëtzebuerg: d’Cour Constitutionnelle. Weiderliesen
Eng politesch Immunitéit bezeechent de Schotz viru krimineller Strofverfolgung vun Persounen déi eng bestëmmte politesch Positioun hunn. Well si esou eng politesch Positioun bekleeden, kënnen si viru Geriicht nëmme fir verschidden Crimmen ugesicht ginn. Weiderliesen
Als Import bezeechent een e Produkt wat vun engem anere Land bruecht gëtt. Dat Land wat dat Produkt unhëlt, ass den Importateur. Dat bedeit gläichzäiteg, dass engem Land säin Import engem anere Land säin Export ass. Weiderliesen
Komplett Inclusioun ass erreecht wann all Mënsch vun der Gesellschaft akzeptéiert gëtt an kann um sozialen Zesummeliewen Deel huele – ouni wéinst jeglechen Mierkmoler (Geschlecht, Relioun, Alter, etc.) benodeelegt ze ginn. Exklusioun ass de Géigendeel. Weiderliesen
Als Industrialiséierung bezeechent een den Iwwergang vun enger Gesellschaft an Ökonomie déi op Agrar (also enger Landwirtschaftsökonomie) baséiert zu enger Gesellschaft déi op maschineller Produktioun baséiert. Weiderliesen
Dorënner versteet een an der Ekonomie eng Erhéijung vun de Gelder, déi an Ëmlaf bruecht ginn, verbonne mat enger Erhéijung vun de Präisser an engem Wäertverloscht vun enger Währung. Als Konsequenz kann een zum Beispill mat engem Euro da manner kafen, wéi dat Joer virdrun. Weiderliesen
D’Infrastruktur ass d’Sammelwuert fir all laangwiereg Ariichtungen déi dem Fonctionnéieren vun enger Ökonomie hëllefen. Dës kënnen entweder materieller Natur (Energie-, Transportsystemer, etc.) oder institutioneller Natur (Police, Bildungssystem, etc.) sinn. Weiderliesen
Innovatioun am wirtschaftleche Sënn bedeit den Prozess vun der Verbreedung vun neien Ideen an Erfannungen. Innovatioun gëtt als wichtege Bestanddeel vum Fortschrëtt gesinn. Weiderliesen
D’International Agence fir Atomenergie ass 1957 gegrënnt ginn a versicht de friddvolle Gebrauch vun Atomenergie ze ënnerstëtzen, während de militäresche Gebrauch kontrolléiert an decouragéiert gëtt. 167 Länner sinn Deel vun der Agence. Weiderliesen
Den IWF ass eng Organisatioun vun de Vereenten Natiounen, déi Kreditter u Staate vergëtt, déi net méi genuch Suen hunn. Si probéieren ausserdeem d’Relatiounen tëschent de Währunge vun der Welt stabil ze halen, d’Geldpolitik ze kontrolléieren an de Welthandel ze fuerderen. Weiderliesen