Journalismus

Journalismus ass de Sammelbegrëff fir all Form vu professionellem Reportage iwwert en aktuellt a relevant Gesellschaftsthema. Weiderliesen

Judikative

D’Judikative besteet aus den ënnerschiddleche Geriichter an engem Land. Si ass dofir zoustänneg Streidereien iwwert d’Implikatioune vu Gesetzer ze klären. D’Judikative ass nieft der Exekutive an der Legislative eng vun den dräi “Gewalten” an engem Staat. Zesumme ginn dës dräi Gewalten als exklusiivt Recht vum Staat gesinn, well si néideg sinn, fir d’Gesetzer an engem Land ze bestëmmen. An enger Demokratie sollen déi dräi dofir vun eneen getrennt sinn a sech géigesäiteg iwwerwaachen, fir e Mëssbrauch vun dëser Staatsgewalt ze verhënneren. Weiderliesen

Jugendparlament

An engem Jugendparlament kënne Jugendlecher jugendrelevant Themen diskutéieren a Resolutiounen ausschaffe fir se Politiker ze proposéieren. Domadder ass en Jugendparlament en direkten Ausdrock vun der politescher Participatioun vu Jonken. Weiderliesen