Kabinett
D’Kabinett ass de Sammelbegrëff fir de Regierungschef an all d’Ministeren. D’Kabinett ass domadder en wichtegen Deel vun der Exekutive an engem Staat. Weiderliesen
D’Kabinett ass de Sammelbegrëff fir de Regierungschef an all d’Ministeren. D’Kabinett ass domadder en wichtegen Deel vun der Exekutive an engem Staat. Weiderliesen
D’Kafkraaft ass eng ekonomesch Statistik fir déi ausgerechent gëtt, wéi vill Suen engem Haushalt am Duerchschnëtt bleiwen, nodeems all déi reegelméisseg Rechnungen (Loyer, Versécherungen, Steieren, etc.) bezuelt gi sinn. Domat wëll een erausfannen, wéi vill de Famillen “zum Liewen” bleift. Weiderliesen
E Kale Krich ass allgemeng e Krich tëscht Konfliktparteien, deen ouni Waffe „gekämpft“ gëtt. De Konflikt ass rëell, mä et geet méi ëm ekonomesch Sanktiounen an et ginn dacks Bedreeunge gemaach. Virun allem rüsten d’Konfliktparteien hiert Waffenarsenal op. Weiderliesen
En Kanton ass en administrativen Niveau tëschent de Gemengen an dem nationalen Niveau. Zu Lëtzebuerg sinn all d’Gemengen an 12 Kantonen opgedeelt. Weiderliesen
De Kanzler (D’Kanzlerin) ass de Regierungschef an Däitschland an domadder responsabel fir all déi wichteg Decisiounen an alle Beräicher vun der Politik. Hien/Hatt decidéiert iwwert d’Ernennen an d’Demissionéiere vu Ministeren. Beispiller vu Leit an dëser Funktioun sinn: de Konrad Adenauer; den Helmut Schmidt; de Gerhard Schröder; an d’Angela Merkel. Weiderliesen
Eng Ideologie, déi vun der Konkurrenz vun de Bierger ausgeet. Et existéiert e liberale Marché. Bierger hunn ee Privatbesëtz an duerch hier Aarbecht kënne si sech hire Privatbesëtz finanzéieren. Et gëllt d’Regel vun „Angebot und Nachfrage“, also de Marché reguléiert sech selwer. Weiderliesen
Déi europäesch Staaten hunn aner Territoiren entdeckt an, wéinst deenen hire Buedemschätz oder anere wäertvolle Saachen, versicht déi ënnert hir Kontroll ze bréngen. Déi ënnerdréckte Staaten nennt ee Kolonie. Déi goufe vun deem Land, wat si besat huet, politesch gesteiert. D’Awunner vun de Kolonien sinn dacks versklaavt oder ëmbruecht ginn. Weiderliesen
Eng Ideologie, déi dovun ausgeet, datt Bierger kee Privatbesëtz hunn an dat all Produkt der Allgemengheet gehéiert. Et existéiere keng sozial Schichten a Mënsche sinn doduerch och all gläich. D’Ekonomie ass duerch de Staat geregelt a si ass net liberal. De Kommunismus geet op de Karl Marx zeréck an ass vum Lenin weiderentwéckelt ginn. Weiderliesen
Am südchinesesche Mier gëtt et e Konflikt tëscht de Länner, déi ronderëm dësen Deel vum Pazifik leien. Et geet drëm, dass d’Länner sech net eens ginn, wéi eng Inselen an Deeler vum Mier wéi engem Land gehéieren. Dat ass wichteg, well dat festleet, wiem déi grouss Fësch an aner Ressourcen am Mier gehéieren. Verschidde Länner versiche mam Bau vu kënschtlechen Inselen hiren Usproch un dës Gebitter ze ënnermaueren. Weiderliesen
D’Konjunktur bezeechent den Verlaf an d’Schwankunge vun der Wirtschaft. E wichtegen Indikator heifir ass de PIB. Weiderliesen
Déi fundamental Prinzipien no deenen e Staat fonctionnéiert. D’Dokument an deem dat festgehalen ass, gëtt och Konstitutioun genannt. Beispiller sinn: déi Amerikanesch Konstitutioun, déi Lëtzebuergesch Konstitutioun. Weiderliesen
De Kyoto Protokoll ass am Februar 2005 a Kraaft getrueden. D’Zieler vum Kyoto Protokoll sinn déi verschidden Treibhausgase vun den developpéierte Länner ëm 5,2% ze reduzéieren an engem Zäitraum vun 2008-2012. De Kontrakt ass 2012 vu 37 developpéierte Länner verlängert ginn a gëllt bis 2020. Weiderliesen