Kolonialismus

Déi europäesch Staaten hunn aner Territoiren entdeckt an, wéinst deenen hire Buedemschätz oder anere wäertvolle Saachen, versicht déi ënnert hir Kontroll ze bréngen. Déi ënnerdréckte Staaten nennt ee Kolonie. Déi goufe vun deem Land, wat si besat huet, politesch gesteiert. D’Awunner vun de Kolonien sinn dacks versklaavt oder ëmbruecht ginn. Weiderliesen

Kommunismus

Eng Ideologie, déi dovun ausgeet, datt Bierger kee Privatbesëtz hunn an dat all Produkt der Allgemengheet gehéiert. Et existéiere keng sozial Schichten a Mënsche sinn doduerch och all gläich. D’Ekonomie ass duerch de Staat geregelt a si ass net liberal. De Kommunismus geet op de Karl Marx zeréck an ass vum Lenin weiderentwéckelt ginn. Weiderliesen

Konflikt am Südchineseschem Mier

Am südchinesesche Mier gëtt et e Konflikt tëscht de Länner, déi ronderëm dësen Deel vum Pazifik leien. Et geet drëm, dass d’Länner sech net eens ginn, wéi eng Inselen an Deeler vum Mier wéi engem Land gehéieren. Dat ass wichteg, well dat festleet, wiem déi grouss Fësch an aner Ressourcen am Mier gehéieren. Verschidde Länner versiche mam Bau vu kënschtlechen Inselen hiren Usproch un dës Gebitter ze ënnermaueren. Weiderliesen

Konjunktur

D’Konjunktur bezeechent den Verlaf an d’Schwankunge vun der Wirtschaft. E wichtegen Indikator heifir ass de PIB. Weiderliesen

Konstitutioun

Déi fundamental Prinzipien no deenen e Staat fonctionnéiert. D’Dokument an deem dat festgehalen ass, gëtt och Konstitutioun genannt. Beispiller sinn: déi Amerikanesch Konstitutioun, déi Lëtzebuergesch Konstitutioun. Weiderliesen