Legislative

D’Legislative besteet normalerweis aus dem Parlament. Si ass zoustänneg fir d’Diskutéieren, d’Schreiwen, an d’Ofstëmmen vu Gesetzer. D’Legislative ass nieft der Exekutive an der Judikative eng vun den dräi “Gewalten” an engem Staat. Zesumme ginn dës dräi Gewalten als exklusiivt Recht vum Staat gesinn, well si néideg sinn, fir d’Gesetzer an engem Land ze bestëmmen. An enger Demokratie sollen déi dräi dofir vuneneen getrennt sinn a sech géigesäiteg iwwerwaachen, fir e Mëssbrauch vun dëser Staatsgewalt ze verhënneren. Weiderliesen

Les Républicains

« Les Républicains » ass eng franséisch Partei, déi sech fir eng konservativ Politik asetzt. Generell setzen si sech fir eng méi liberal a manner reglementéiert Wirtschaft an. De Staat soll a kann net alles reegelen, dofir misst ee méi Responsabilitéit an d’Hänn vun de Bierger an Entreprisen leeën. Bekannt Leit aus der Partei sinn : den Nicolas Sarkozy, de François Fillon an den Alain Juppé. Weiderliesen

Liewenserwaardung

D’Liewenserwaardung ass déi duerchschnëttlech Zäit déi enger Persoun bis zu hirem Dout bleift. Et ass en vill benotzten Indikator fir de Progrès an d’Gesondheet vun enger Gesellschaft. Weiderliesen

Lissabon-Traité

De Lissabon-Traité ass den aktuellsten Traité tëscht de 27 EU-Länner. Deen Traité definéiert d’Kompetenzen an d’Funktiounsweis vun der EU. Dësen ass 2007 ënnerschriwwe ginn a gëllt zanter 2009 als Gesetz. Déi gréissten Ännerungen waren: eng méi wichteg Roll fir d’Europäescht Parlament; d’Reduzéiere vun de Méiglechkeeten fir e Gesetz am Conseil vun der EU mat engem Veto ze blockéieren; d’Aféiere vun engem Europäeschen “Ausseminister”; an d’Aféiere vun der Europäescher Biergerinitiative. Weiderliesen

Lobbying

Lobbying ass de Prozess an deem ënnerschiddlech Gruppe versichen hir Interessen an der Politik an der Gesellschaft ze vertrieden. Dobäi kann et sech em ganz ënnerschiddlech Gruppen an Interessen handele – z.B. Gewerkschaften, Ëmweltgruppen, Industriegruppen. Weiderliesen