Meenungsfräiheet

Als Meenungsfräiheet bezeechent een d’Recht seng Meenung ze äusseren an  duerch all méiglech Medien ze verbreeden. Ob an wéi eng Limitten et fir d’Meenungsfräiheet gëtt, hänkt vum jeeweilege Land of. D’Ausmooss vun der Meenungsfräiheet gëtt oft als Indikator fir d’Stäerkt vun enger Demokratie gesinn. Weiderliesen

Mëttelstand

Déi sozial Grupp, déi tëscht d’Aarbechterklass an déi iewescht Klass fält. Dëst sinn haaptsächlech Leit, déi en Unisdiplom hunn, professionell Beruffer hunn (z.B. Dokter, Affekot) an déi en Haus besetzen. Weiderliesen

Mindestloun

En Mindestloun ass de Minimum deen eng Persoun an engem Land muss fir seng Aarbecht verdéngen. Ob a wéi héich dëse Minimum ass hänkt vum Land a vun der Zäit of. En Mindestloun kann och nëmme fir bestëmmte Branchen oder Bildungsniveauen gëllen. Weiderliesen

Minister

E Minister ass normalerweis de politesche Chef vun op mannst engem Ministerium. Zesumme forméieren all d’Ministeren d’Regierung – och Cabinet genannt. Zu Lëtzebuerg kënne si Gesetzer proposéieren a si sinn dofir responsabel, dass Gesetzer a Reegelen, déi am Parlament ofgestëmmt goufen, deementspriechend ausgefouert ginn. Dat mécht si zu engem Deel vun der Exekutive. Weiderliesen

Monarchie

Eng Monarchie ass eng Staatsform an där en Adelegen Staatschef ass. Hien/Si kritt dës Roll normalerweis duerch Ierfschaft a behält se bis zum Dout oder zum Ofdanken. Weiderliesen

Monopol

En Monopol bezeechent eng ekonomesch Situatioun an där et nëmmen ee Verkeefer fir en bestëmmte Produit gëtt. En Monopol féiert oft zu méi héijen Präisser a méi schlechter Qualitéit vum Produit wéi eng Situatioun an där Konkurrenz herrscht. Weiderliesen