Rassismus

Als Rassismus bezeechent een d’Kategoriséieren vun Mënschen a Rassen op Grond vun hirem Ausgesinn. Dëst Kategoriséieren gëtt da benotzt fir « Rassen » déi net si wéi ee selwer méi schlecht ze behandelen. Weiderliesen

Rechtsstaat

En Rechtsstaat ass en Staat deen op Gesetzer oder enger Verfassung baséiert an deem seng Muecht duerch dës Gesetzer ageschränkt ass fir d’Fräiheet vun de Bierger ze protegéieren. Weiderliesen

Referendum

An engem Referendum dierf all Bierger deen och bei normalen Wahlen wielen dierf, iwwert eng prezis Fro entscheeden. Normalerweis ginn Referenden benotzt fir spezifesch Froen ze entscheeden iwwert déi sech d’politesch Parteien net eens ginn oder déi immens wichteg Konsequenzen hunn. Dofir gouf et zu Lëtzebuerg en Referendum iwwert spezifesch Froen zur neier Konstitutioun an en Referendum an England iwwert dem Land seng Zukunft an der Europäescher Unioun. Weiderliesen

Reform

Am politesche Sënn ass eng Reform eng Ëmgestaltung vun engem bestoenden Gesetz oder engem ganze System vu Gesetzer. Zu Lëtzebuerg kann eng Reform vun engem Minister oder vun Deputéierte proposéiert ginn. Weiderliesen

Regierungschef

Als Regierungschef bezeechent een den iewechte Politiker vun enger Regierung. E Regierungschef huet normalerweis grouss Muechte fir d’Politik vum Land ze bestëmmen. Dat kann e President sinn (z.B. Amerika) oder de Premierminister (z.B. Lëtzebuerg). E Regierungschef ass net onbedéngt och Staatsoberhaupt, deen haaptsächlech zeremoniell Flichten erfëllt (z.B. den Grand-Duc). Weiderliesen

Republikanesch Partei (USA)

D’Republikaner ass eng vun den zwou Parteien an Amerika an ass 1854 gegrënnt ginn. Generell verfollegen d’Republikaner eng konservativ Politik a setze sech fir eng staark Arméi; traditionell – oft chrëschtlech – Valeuren; a fräi ekonomesch Marchéen an. Déi bekanntste Leit aus der Partei sinn: den Abraham Lincoln, den Dwight Eisenhower, de Ronald Reagan, an den George W. Bush. Weiderliesen

Resolutioun

Eng Resolutioun ass eng offiziell Matdeelung, déi d’Positioun vu sengen Verfaasser soll erklären. Weiderliesen

Ressort

En Ressort ass de Sammelbegrëff fir en Ministerium an déi Administratiounen déi dem Ministerium ënnerstinn. Weiderliesen

Rezessioun

D’Ekonomisten ënnerdeelen e Joer an der Reegel a véier Quartalen. Eng Rezessioun läit da fir, wann an zwee Quartale hannertenee keen ekonomesche Wuesstem oder e Réckgang vun dësem stattfënnt. Weiderliesen

Rietspopulismus

Eng politesch Stréimung, déi Uerdnung, Autoritéit an Identitéit als wichteg empfannen. Déi Parteie weise sech oft mat EU-skepteschen, islamophobeschen oder auslännerfeindlechen Parollen. Aner Parteien a Medien gesinn dës Parollen als Gefor fir d’Demokratie. Weiderliesen