Säkulär

En Staat gëtt als säkulär bezeechent wann en keng Positioun zu reliéise Froen hëlt. En Beispill ass Frankräich. De Géigesaz ass eng Theokratie, wou de Staat duerch Relioun legitiméiert gëtt. En Beispill heifir ass den Iran. Weiderliesen

Schlepper

En Schlepper ass eng Persoun déi Leit, déi keng Autorisatioun dofir hunn, hëlleft an en anert Land ze kommen. Weiderliesen

Senat

An engem legislative System wou d’Parlament aus zwou Kummere besteet, gëtt eng vun dësen zwou Kummeren a ville Länner Senat genannt. An Amerika besteet de Senat aus 100 Senateuren an en ass d’Kummer déi d’Bundesstaaten vertrëtt. Weiderliesen

Sozialleeschtung

Als Sozialleeschtung versteet een all vum Staat virgesinn Déngscht, Saach oder Geldleeschtungen déi un Deeler vun der Populatioun fir sozial Gerechtegkeet ausgedeelt ginn. Weiderliesen

Sozialstaat

De Sozialstaat ass den Deel vum Staat dee versicht sozial Gerechtegkeet ze verbesseren an et jidderengem ze erméiglechen un ekonomeschen a politeschen Entwécklungen Deel ze huelen. Weiderliesen

SPD

D’SPD ass eng däitsch Partei, déi sech fir eng sozial-demokratesch Politik asetzt. Generell verteidegen si d’Interesse vun Aarbechter a Gewerkschaften. Si setzen sech fir eng Verdeelung vum Räichtum an en staarken Sozialstaat an. Bekannt Leit aus der Partei sinn : den Willy Brandt, de Frank-Walter Steinmeier an de Martin Schulz. Weiderliesen

Stéchwahl

Eng Stéchwahl ass normalerweis den zweeten Duerchgang vun enger Wahl an där kee vun de Kandidaten am éischten Duerchgang déi néideg Majoritéit krut. An dësem zweeten Duerchgang trieden dann nëmmen nach déi zwee bescht Kandidaten géinteneen un. Weiderliesen

Steier

Eng Steier ass en Betrag un Suen deen un de Staat bezuelt gëtt, ouni dofir eng direkt Géigeleeschtung ze kréien. Dës Suen dengen der Finanzéierung vum Staat. Steiere kënnen awer och erhuewe gi fir d’Bierger vun engem gewëssenen Verhalen ofzehalen, sou wéi z.B. bei de Steieren op Zigaretten. Weiderliesen

Streik

En Streik ass déi gemeinsam Entscheedung vun den Aarbechter fir zesummen net ze schaffen. Dëst gëtt normalerweis als Drockmëttel benotzt fir d’Interesse vun den Aarbechter beim Patronat ze verteidegen. Weiderliesen

Subsidiaritéit

Den Subsidiaritéit-Prinzip gesäit fir dass dee méi héijen staatlechen Niveau nëmmen da soll aktiv an engem politesche Beräich ginn, wann den Niveau ënnen drënner et net selwer fäerdeg brénge kann. Weiderliesen