Verbraucherpräisindex

De Verbraucherpräisindex ass en Indicateur fir d’Héicht vun der Inflatioun an enger Wirtschaft. En gëtt gerechent andeems d’Entwécklung vun de Präisser vun enger Reih virgeschriwwener Produiten analyséiert gëtt. An verschiddene Länner (zB Lëtzebuerg) gëtt dëse Präis da benotzt fir automatesch d’Salairen an d’Luucht ze setzen. Weiderliesen

Verscholdung

Ënner Verscholdung versteet een de Betrag un Suen deen de Staat geléint huet an nach zeréck bezuele muss. Bei engem Staat gëtt dëse Montant normalerweis als Prozentsaz vum PIB genannt. Dëse Grad kann also erofgoe wann d’Scholden zeréck bezuelt ginn oder wann d’Wirtschaft méi wiisst. Weiderliesen

Veto

En Veto ass d’Muecht eng Entscheedung vun engem anere Staatsorgan ze blockéieren. Esou kann den amerikanesche President zum Beispill eng Decisioun vum Parlament blockéieren andeems hien säi Veto benotzt. Weiderliesen

Visum

En Visum ass en Dokument vun engem Land dat et enger Persoun erlaabt an d’Land anzereesen. Weiderliesen