Als aarbechtslos bezeechent een eng Persoun déi keng Aarbecht huet, mee eng wéilt. D’Aarbechtslosenzuel ass deementspriechend d’Zuel vu Leit déi keng Aarbecht hunn als Prozentsaz vun der aktiver Populatioun – also der Populatioun déi eng Aarbecht sicht. An dëser Populatioun zielen also zum Beispill net Schüler/Studenten, Pensionären oder Elteren déi doheem bleiwe fir op d’Kanner opzepassen. Weiderliesen
Als Aarbechtsmaart bezeechent een den « Maart » op deem, op der enger Säit, Employeure eng Aarbechtsplaz ubidden an nom beschten Kandidat sichen, an op der anerer Säit, Employéë hir Aarbechtskraaft ubidden an no der bescht méiglecher Aarbechtsplaz sichen. Weiderliesen
En Employeur ass eng Organisatioun déi Aarbechtsplazen ubitt an Employeuren bezilt fir dës Aarbechten auszeféieren. Dëst kënnen Entreprisen, de Staat oder aner net-staatlech Organisatioune sinn, déi Aarbechter astelle fir hir Ziler ze erreechen. Weiderliesen
En Employé ass eng Persoun déi eng Aarbechtsplaz bei engem Employeur ausféiert. Hien kritt fir seng Aarbecht en Salaire. Weiderliesen