E Member am Parlament. Hie representéiert d’Vollek, kontrolléiert d’Regierung, stëmmt iwwert d´Gesetzer of an ass normalerweis Deel vun enger politescher Partei. Zu Lëtzebuerg ginn et der 60, déi all 5 Joer nei gewielt ginn a sech momentan a 6 Parteien opdeelen. Weiderliesen
Als Meenungsfräiheet bezeechent een d’Recht seng Meenung ze äusseren an duerch all méiglech Medien ze verbreeden. Ob an wéi eng Limitten et fir d’Meenungsfräiheet gëtt, hänkt vum jeeweilege Land of. D’Ausmooss vun der Meenungsfräiheet gëtt oft als Indikator fir d’Stäerkt vun enger Demokratie gesinn. Weiderliesen
En(g) Ombudsmann/-fra ass eng onparteiesch, onofhängeg Persoun un déi sech all Bierger wende ka fir administrativ Beschwerden virzedroen. Hien/Si gëtt vum Staat ernannt fir de Mëssbrauch vu Muecht an enger Administratioun opzedecken. Weiderliesen
Eng Partei an der Politik ass eng Grupp vu Leit déi versicht Wahlen ze gewannen an d’Majoritéit am Parlament ze kréien. Dofir proposéiert eng Partei en Programm vu spezifesche Politike fir de Wieler ze iwwerzeege fir si ze wielen. Weiderliesen
Eng Proporzwahl ass eng Wahl an där d’Opdeelung vun de verfügbare Sëtzer proportionell zum Stëmmenundeel vun all Partei gemaach gëtt. Eng Partei déi 20% vun de Stëmme kritt, soll also deementspriechend em déi 20% vun de Sëtz kréien. De Géigesaz ass eng Majorzwahl. Weiderliesen
Eng Stéchwahl ass normalerweis den zweeten Duerchgang vun enger Wahl an där kee vun de Kandidaten am éischten Duerchgang déi néideg Majoritéit krut. An dësem zweeten Duerchgang trieden dann nëmmen nach déi zwee bescht Kandidaten géinteneen un. Weiderliesen
De Wahlkampf ass d’Period virun enger Wahl an där Parteien an hir Kandidate versichen de Bierger ze iwwerzeege bei der Wahl fir si ofzestëmmen. Weiderliesen