Brexit
Brexit: “Brexit” setzt sech aus de Wierder “Britain” an “exit” zesummen a bezeechent d’Méiglechkeet, dass England aus der Europäescher Unioun austriede kéint. Weiderliesen
Brexit: “Brexit” setzt sech aus de Wierder “Britain” an “exit” zesummen a bezeechent d’Méiglechkeet, dass England aus der Europäescher Unioun austriede kéint. Weiderliesen
De Conseil vun der Europäescher Unioun ass d’Institutioun, an där d’Ministeren aus den EU-Länner zesumme kommen. Hei huet all Land eng Stëmm fir iwwert all EU-Gesetz ofzestëmmen. Fir Ëmweltgesetzer kommen zum Beispill d’Ëmweltministeren zesummen. Dëse Ministerrot ass net ze verwiessele mam Europäesche Conseil, wat de Sommet vun de Staats- a Reigerungscheffen ass a wou iwwert déi generell Trajectoire vun der EU diskutéiert gëtt. Weiderliesen
Den Euro ass 2002 agefouert ginn an huet déi national Währunge vun 19 Länner ersat. D’Europäesch Zentralbank zu Frankfurt ass responsabel fir d’Printen an de Management vun der Währung. Obwuel den Euro zanter e puer Joer an enger Kris ass, ass en déi zweet wichtegst Währung vun der Welt, nom Dollar. Weiderliesen
D’Eurokris besteet u sech aus puer eenzele Krisen, déi all gemeinsam hunn, dass e puer Länner an Europa (Griicheland, Irland, Spuenien, Portugal, Italien) ze vill Scholden haten/hunn, woubäi d’Grënn firwat se souvill Scholden hunn ënnerschiddlech sinn. Op Grond vun dësen héije Scholde konnten déi Staaten net méi nei Sue léinen, fir al Scholden zeréck ze bezuelen. Dofir hunn aner Euro-Länner mat Honnerte vun Milliarden ausgehollef. Weiderliesen
D’Europäesch Kommissioun ass den exekutiven Deel vun der Europäescher Unioun, wat bedeit, dass se nei Gesetzer virschléit, d’Ëmsetze vu Gesetzer iwwerwaacht a sech ëm den Dagesmanagement vun der Europäescher Unioun këmmert. All Land stellt ee Kommissär, deen ee Portfolio betreit an am Kollegium zesumme mat all aner Kommissär iwwert all Decisioun ofstëmmt. Am Moment ass de Jean-Claude Juncker President vun der Kommissioun. Weiderliesen
D’Europäesch Unioun besteet momentan aus 28 Memberen, mä geet op e Verbond vu 6 Staaten aus de 1950er Joren zeréck. Haut stellt d’EU de gréissten ekonomesche Marché duer, representéiert iwwer 500 Millioune Leit an ass u villen politesche Beräicher bedeelegt. Déi wichtegst Institutiounen sinn: Europäeschen Rot; Europäescht Parlament; Europäesch Kommissioun; an Europäeschen Geriichtshaff. Weiderliesen
D’Europäesch Zentralbank ass 1998 gegrënnt ginn, fir déi nei gemeinsam Währung vun 11 Länner – den Euro – ze verwalten. D’EZB huet folgend Aufgaben: dofir suergen, dass d’Präisser stabil bleiwen an dass et weder ze staark Inflatioun nach Deflatioun gëtt; ze versiche Rezessiounen ze vermeiden. Säit 2014 ass d’EZB och de Superviseur vun de wichtegste Banken an der EU. Weiderliesen
Am Europäesche Parlament stëmme 751 gewielte Vertrieder iwwert all d’Propose fir nei EU-Gesetzer of. All EU-Länner sinn hei mat méi oder manner – baséierend op Populatioun – Politiker vertrueden. Obwuel d’Parlament schonn 1952 gegrënnt gouf, ass et eréischt an de leschte 25 Joer zu enger vun de wichtegsten Institutiounen an der EU ginn. Weiderliesen
Als Europaparlamentarier bezeechent een eng Persoun, déi Deel vum Europaparlament ass. Et ass den europäeschen Equivalent vun engem Deputéierten. Weiderliesen
Als Euroskeptiker bezeechent een eng Persoun, déi fënnt, dass d’Europäesch Unioun ze mächteg ginn ass an d’Länner sollten hier Souveränitéit zeréck huelen an hir Politik méi national gestalten. Weiderliesen
De Lissabon-Traité ass den aktuellsten Traité tëscht de 27 EU-Länner. Deen Traité definéiert d’Kompetenzen an d’Funktiounsweis vun der EU. Dësen ass 2007 ënnerschriwwe ginn a gëllt zanter 2009 als Gesetz. Déi gréissten Ännerungen waren: eng méi wichteg Roll fir d’Europäescht Parlament; d’Reduzéiere vun de Méiglechkeeten fir e Gesetz am Conseil vun der EU mat engem Veto ze blockéieren; d’Aféiere vun engem Europäeschen “Ausseminister”; an d’Aféiere vun der Europäescher Biergerinitiative. Weiderliesen
Den Subsidiaritéit-Prinzip gesäit fir dass dee méi héijen staatlechen Niveau nëmmen da soll aktiv an engem politesche Beräich ginn, wann den Niveau ënnen drënner et net selwer fäerdeg brénge kann. Weiderliesen