Berlin Blockade

West-Berlin ass duerch d’Sowjetunioun total blockéiert ginn, well ronderëm vu West-Berlin Ost-Däitschland an Ost-Berlin loungen, déi ënnert der Kontroll vun der UDSSR stoungen. Duerch déi Blockade konnte Bierger vu West-Berlin, kontrolléiert vun de Fransousen, Briten an den Amerikaner, net méi mat Liewensmëttele versuergt ginn. Dofir misste si mat Fligere Këschten iwwer West-Berlin erofgeheien. (Berliner Luftbrücke) Weiderliesen

EOKA

National Organisatioun zypriotescher Kämpfer, déi fir d’Onofhängegkeet vu Groussbritannien gekämpft hunn. Si wollten, datt Zypern sech Griicheland uschléisst. Weiderliesen

EPA

„Economic Partnership Agreement“ si wirtschaftlech Verhandlungen tëscht der EU a verschiddene Staaten, haaptsächlech an Afrika. Si ginn dowéinst och kritiséiert, well verschidden Experten an NGOs Angscht hunn, datt d’EPAs, déi aarm Staaten nach méi aarm maache kéinten. Weiderliesen

Europäesch Unioun

D’Europäesch Unioun besteet momentan aus 28 Memberen, mä geet op e Verbond vu 6 Staaten aus de 1950er Joren zeréck. Haut stellt d’EU de gréissten ekonomesche Marché duer, representéiert iwwer 500 Millioune Leit an ass u villen politesche Beräicher bedeelegt. Déi wichtegst Institutiounen sinn: Europäeschen Rot; Europäescht Parlament; Europäesch Kommissioun; an Europäeschen Geriichtshaff. Weiderliesen

Kolonialismus

Déi europäesch Staaten hunn aner Territoiren entdeckt an, wéinst deenen hire Buedemschätz oder anere wäertvolle Saachen, versicht déi ënnert hir Kontroll ze bréngen. Déi ënnerdréckte Staaten nennt ee Kolonie. Déi goufe vun deem Land, wat si besat huet, politesch gesteiert. D’Awunner vun de Kolonien sinn dacks versklaavt oder ëmbruecht ginn. Weiderliesen

NATO

D’NATO ass eng Allianz vun 28 Länner – virun allem Amerika an e groussen Deel vun Europa – déi sech all géigesäiteg assuréiert hunn, dass am Fall, wou ee Land ugegraff gëtt, all d´Länner bei der Verteidegung hëllefen. D’Organisatioun ass kuerz nom Zweete Weltkrich gegrënnt ginn an huet am Kale Krich Europa géint Attacke vun der Sowjetunioun geschützt. Weiderliesen