EOKA

National Organisatioun zypriotescher Kämpfer, déi fir d’Onofhängegkeet vu Groussbritannien gekämpft hunn. Si wollten, datt Zypern sech Griicheland uschléisst. Weiderliesen

EPA

„Economic Partnership Agreement“ si wirtschaftlech Verhandlungen tëscht der EU a verschiddene Staaten, haaptsächlech an Afrika. Si ginn dowéinst och kritiséiert, well verschidden Experten an NGOs Angscht hunn, datt d’EPAs, déi aarm Staaten nach méi aarm maache kéinten. Weiderliesen

Europäesch Unioun

D’Europäesch Unioun besteet momentan aus 28 Memberen, mä geet op e Verbond vu 6 Staaten aus de 1950er Joren zeréck. Haut stellt d’EU de gréissten ekonomesche Marché duer, representéiert iwwer 500 Millioune Leit an ass u villen politesche Beräicher bedeelegt. Déi wichtegst Institutiounen sinn: Europäeschen Rot; Europäescht Parlament; Europäesch Kommissioun; an Europäeschen Geriichtshaff. Weiderliesen