Demokratie

Demokratie setzt sech aus de griichesche Wierder fir « Vollek » an « herrschen » zesummen. Deemno ass eng Demokratie en Land an deem d’Vollek d’Muecht huet. Dëst ass, zum Beispill, am Géigesaz zu enger absoluter Monarchie, wou eng royal Famill d’Muecht huet. Obwuel et vill ënnerschiddlech Zorte vun Demokratië gëtt, hunn se all gemeinsam, dass d’Bierger sech a Wahlen ausdrécke kënne wéi d’Land regéiert soll ginn an dass d’Staatsgewalt vun Exekutive, Legislative a Judiciaire getrennt sinn. Weiderliesen

Diktator

En Diktator ass eng Persoun, déi eleng oder mat Hëllef vun enger klenger Grupp, iwwert e Land regéiert. An enger Diktatur ginn normalerweis d’Mënscherechter net berécksiichtegt, d’Justiz an d’Press sinn net onofhängeg a Wahle sinn net fräi. Beispiller sinn/waren: Saddam Hussein am Irak, Baschar al-Assad an Syrien, Muammar al-Gaddafi a Libyen. Weiderliesen

Europäesch Kommissioun

D’Europäesch Kommissioun ass den exekutiven Deel vun der Europäescher Unioun, wat bedeit, dass se nei Gesetzer virschléit, d’Ëmsetze vu Gesetzer iwwerwaacht a sech ëm den Dagesmanagement vun der Europäescher Unioun këmmert. All Land stellt ee Kommissär, deen ee Portfolio betreit an am Kollegium zesumme mat all aner Kommissär iwwert all Decisioun ofstëmmt. Am Moment ass de Jean-Claude Juncker President vun der Kommissioun. Weiderliesen

Exekutive

D’Exektuive besteet normalerweis aus der Regierung an den Administratiounen. Si ass responsabel fir d’Ausféierung vun de Gesetzer. D’Exekutive ass nieft der Legislative an der Judikative eng vun den dräi “Gewalten” an engem Staat. Zesumme ginn dës dräi Gewalten als exklusiivt Recht vum Staat gesinn, well si néideg sinn, fir d’Gesetzer an engem Land ze bestëmmen. An enger Demokratie sollen déi dräi dofir vunenee getrennt sinn a sech géigesäiteg iwwerwaachen, fir e Mëssbrauch vun dëser Staatsgewalt ze verhënneren. Weiderliesen

Gewaltentrennung

Ënnert Gewaltentrennung versteet een d’Deelung vun der Staatsgewalt op ënnerschiddlech Organer vum Staat. D’Zil ass et ze verhënneren dass ze vill Muecht sech an engem Organ konzentréiert an esou d’Fräiheet an d’Gläichheet gefährdet. Déi dräi Staatsgewalten déi getrennt ginn, sinn : d’Legislative, d’Exekutive an d’Judiciaire. Weiderliesen

Kabinett

D’Kabinett ass de Sammelbegrëff fir de Regierungschef an all d’Ministeren. D’Kabinett ass domadder en wichtegen Deel vun der Exekutive an engem Staat. Weiderliesen

Kanzler(in)

De Kanzler (D’Kanzlerin) ass de Regierungschef an Däitschland an domadder responsabel fir all déi wichteg Decisiounen an alle Beräicher vun der Politik. Hien/Hatt decidéiert iwwert d’Ernennen an d’Demissionéiere vu Ministeren. Beispiller vu Leit an dëser Funktioun sinn: de Konrad Adenauer; den Helmut Schmidt; de Gerhard Schröder; an d’Angela Merkel. Weiderliesen

Minister

E Minister ass normalerweis de politesche Chef vun op mannst engem Ministerium. Zesumme forméieren all d’Ministeren d’Regierung – och Cabinet genannt. Zu Lëtzebuerg kënne si Gesetzer proposéieren a si sinn dofir responsabel, dass Gesetzer a Reegelen, déi am Parlament ofgestëmmt goufen, deementspriechend ausgefouert ginn. Dat mécht si zu engem Deel vun der Exekutive. Weiderliesen

President

An enger Republik ass de President gläichzäiteg den ieweschte Representant vum Staat an de Regierungschef – am Geigensatz zu enger konstitutioneller Monarchie, wou de Kinnek Staatschef ass an de Premierminister Regierungschef. Et hänkt vun der Konstitutioun vum Land of, wéi vill Muecht e President als Eenzelen huet fir d’Politik a sengem Land ze bestëmmen. Weiderliesen

Regierungschef

Als Regierungschef bezeechent een den iewechte Politiker vun enger Regierung. E Regierungschef huet normalerweis grouss Muechte fir d’Politik vum Land ze bestëmmen. Dat kann e President sinn (z.B. Amerika) oder de Premierminister (z.B. Lëtzebuerg). E Regierungschef ass net onbedéngt och Staatsoberhaupt, deen haaptsächlech zeremoniell Flichten erfëllt (z.B. den Grand-Duc). Weiderliesen