Arabescht Freijoer

Als Arabescht Fréijoer bezeechent een eng Well vu Protester an Zivilkricher, déi am Dezember 2010 an Tunesien ugefaangen hunn a gréisstendeels am Ufank op méi Demokratie gezielt hunn. Déi bekanntsten Episode sinn d’Revolutioun an Egypten an d’Biergerkricher a Libyen an a Syrien. Weiderliesen

Attentat

En Attentat ass eng Gewaltdot déi dorop ofzilt eng oder méi Persounen ze verletzen oder ëmzebréngen. Oft gëtt dës Dot aus politeschen, ideologeschen oder psychesche Grënn ausgefouert. Bekannten Attentater gouf et op den John F. Kennedy, de Martin Luther King an den Mahatma Gandhi. Weiderliesen

Berlin Blockade

West-Berlin ass duerch d’Sowjetunioun total blockéiert ginn, well ronderëm vu West-Berlin Ost-Däitschland an Ost-Berlin loungen, déi ënnert der Kontroll vun der UDSSR stoungen. Duerch déi Blockade konnte Bierger vu West-Berlin, kontrolléiert vun de Fransousen, Briten an den Amerikaner, net méi mat Liewensmëttele versuergt ginn. Dofir misste si mat Fligere Këschten iwwer West-Berlin erofgeheien. (Berliner Luftbrücke) Weiderliesen

Holocaust

Den Holocaust ass den Genozide vun den Nazien un de Judde virun a während dem Zweete Weltkrich. Em déi 6 Millioune Judde sinn dobäi ëmkomm. Weiderliesen

Iranesch Revolutioun

An de Joren 1978 an 1979 gouf an der Iranescher Revolutioun den Herrscher, de Shah Pahlavi, duerch en neie Staatschef ersat, den Ajatollah Khomeini. Haut huet dem Khomeini säin Nofolger quasi komplett Muecht iwwert déi grouss Decisiounen an der iranescher Politik, well hien als ieweschte reliéise Führer ugesi gëtt. Weiderliesen

Kale Krich

E Kale Krich ass allgemeng e Krich tëscht Konfliktparteien, deen ouni Waffe „gekämpft“ gëtt. De Konflikt ass rëell, mä et geet méi ëm ekonomesch Sanktiounen an et ginn dacks Bedreeunge gemaach. Virun allem rüsten d’Konfliktparteien hiert Waffenarsenal op. Weiderliesen

Kolonialismus

Déi europäesch Staaten hunn aner Territoiren entdeckt an, wéinst deenen hire Buedemschätz oder anere wäertvolle Saachen, versicht déi ënnert hir Kontroll ze bréngen. Déi ënnerdréckte Staaten nennt ee Kolonie. Déi goufe vun deem Land, wat si besat huet, politesch gesteiert. D’Awunner vun de Kolonien sinn dacks versklaavt oder ëmbruecht ginn. Weiderliesen