Anarchismus

Ënner Anarchismus versteet een eng politesch Philosophie, déi all Form vun Hierarchie an enger Gesellschaft ofleent. D’Zil ass et de Mënschen déi komplett Fräiheet ze gi selwer iwwert hiert Liewe kënnen ze bestëmmen. Weiderliesen

Chavinismus

Dëse Begrëff ass nom Hugo Chávez, dem eemolege venezolanesche Staatspresident, benannt. Et beschreift eng lénks-sozialistesch autoritär Politik, déi fir staatlech Interventioun an der Ekonomie, eng Verdeelung vum Wuelstand, eng Verstaatlechung vun Entreprisen an d’Fuerderung vun der sozialer Ënnerstëtzung steet. Weiderliesen

Feminismus

Feminismus ass eng politesch Beweegung déi sech fir d’Gläichberechtegung an d’Selbstbestëmmung vu Fraen asetzt. Weiderliesen

Ideologie

Et gi vill politesch Ideologië wéi zum Beispill: Kommunismus, Kapitalismus, Liberalismus, Sozialismus… Si verdeedege verschidde Wäerter. Wann een eng Ideologie huet, ass ee mat deene Wäerter d’Accord an et wëll een dat och esou am Liewen oder an der Politik vertrieden. Weiderliesen

Kapitalismus

Eng Ideologie, déi vun der Konkurrenz vun de Bierger ausgeet. Et existéiert e liberale Marché. Bierger hunn ee Privatbesëtz an duerch hier Aarbecht kënne si sech hire Privatbesëtz finanzéieren. Et gëllt d’Regel vun „Angebot und Nachfrage“, also de Marché reguléiert sech selwer. Weiderliesen

Kolonialismus

Déi europäesch Staaten hunn aner Territoiren entdeckt an, wéinst deenen hire Buedemschätz oder anere wäertvolle Saachen, versicht déi ënnert hir Kontroll ze bréngen. Déi ënnerdréckte Staaten nennt ee Kolonie. Déi goufe vun deem Land, wat si besat huet, politesch gesteiert. D’Awunner vun de Kolonien sinn dacks versklaavt oder ëmbruecht ginn. Weiderliesen

Kommunismus

Eng Ideologie, déi dovun ausgeet, datt Bierger kee Privatbesëtz hunn an dat all Produkt der Allgemengheet gehéiert. Et existéiere keng sozial Schichten a Mënsche sinn doduerch och all gläich. D’Ekonomie ass duerch de Staat geregelt a si ass net liberal. De Kommunismus geet op de Karl Marx zeréck an ass vum Lenin weiderentwéckelt ginn. Weiderliesen

Pazifismus

Pazifismus ass d’politesch Positioun déi sech konsequent fir eng Welt ouni Krich, Militär a Gewalt asetzt. Bekannte Beispiller vu pazifistesche Beweegunge sinn : Onofhängegkeet vun Indien ënnert dem Gandhi an d’Beweegung fir d’Emanzipatioun vun Afroamerikaner an Amerika ënnert dem Martin Luther King. Weiderliesen

Rassismus

Als Rassismus bezeechent een d’Kategoriséieren vun Mënschen a Rassen op Grond vun hirem Ausgesinn. Dëst Kategoriséieren gëtt da benotzt fir « Rassen » déi net si wéi ee selwer méi schlecht ze behandelen. Weiderliesen

Rietspopulismus

Eng politesch Stréimung, déi Uerdnung, Autoritéit an Identitéit als wichteg empfannen. Déi Parteie weise sech oft mat EU-skepteschen, islamophobeschen oder auslännerfeindlechen Parollen. Aner Parteien a Medien gesinn dës Parollen als Gefor fir d’Demokratie. Weiderliesen