Eng Ideologie, déi vun der Konkurrenz vun de Bierger ausgeet. Et existéiert e liberale Marché. Bierger hunn ee Privatbesëtz an duerch hier Aarbecht kënne si sech hire Privatbesëtz finanzéieren. Et gëllt d’Regel vun „Angebot und Nachfrage“, also de Marché reguléiert sech selwer. Weiderliesen
Déi europäesch Staaten hunn aner Territoiren entdeckt an, wéinst deenen hire Buedemschätz oder anere wäertvolle Saachen, versicht déi ënnert hir Kontroll ze bréngen. Déi ënnerdréckte Staaten nennt ee Kolonie. Déi goufe vun deem Land, wat si besat huet, politesch gesteiert. D’Awunner vun de Kolonien sinn dacks versklaavt oder ëmbruecht ginn. Weiderliesen
Eng Ideologie, déi dovun ausgeet, datt Bierger kee Privatbesëtz hunn an dat all Produkt der Allgemengheet gehéiert. Et existéiere keng sozial Schichten a Mënsche sinn doduerch och all gläich. D’Ekonomie ass duerch de Staat geregelt a si ass net liberal. De Kommunismus geet op de Karl Marx zeréck an ass vum Lenin weiderentwéckelt ginn. Weiderliesen