Ambassadeur

En Ambassadeur ass responsabel fir säi Land vis-à-vis vun engem anere Land ze vertrieden an d’Bezéiungen tëschent den zwee Länner ze geréieren. Hien/Si ass den offizielle Representative vu sengem Land. Weiderliesen

Asylbewerber / DPI

En Asylbewerber (oder « Demandeur de protection internationale ») ass eng Persoun déi Asyl – also Schotz viru Krich oder Verfolgung a sengem eegene Land – an engem anere Land ufreet, wéi dat Land vu wou dës Persoun kënnt. Weiderliesen

CETA

„Comprehensive Economic and Trade Agreement“ si Verhandlungen tëscht der EU a Kanada fir eng Fräihandelszone opzebauen. Ugefaangen hunn d’Verhandlungen 2014 a sinn, wéi och TTIP-Negociatiounen, onbeléift béi de Mënschen. Weiderliesen

Diplomat

En Diplomat ass eng Persoun déi vu sengem Land domat beoptraagt gouf säin Land bei engem anere Land oder enger internationaler Organisatioun ze vertrieden. Weiderliesen

Entwécklungslänner

E Land, dat nach grouss ekonomesch a sozial Problemer huet, sou wéi z.B. eng niddreg Liewenserwaardung, en niddregen Salaire a wéineg Bildung. Vill Länner an Afrika (z.B. Nigeria), mä och a Südamerika (z.B. Brasilien) an Asien (z.B. Thailand) ginn als Entwécklungslänner bezeechent. Weiderliesen

Export

Als Export bezeechent een e Produkt, wat an engem Land produzéiert gouf an dann an en anert bruecht gëtt. Dat Land, wat dat Produkt fortschéckt, ass den Exportateur. Dat bedeit gläichzäiteg, dass engem Land säin Export muss engem aneren Land säin Import sinn. Weiderliesen

Flüchtling

Der Genfer Konventioun vun 1951 no, déi vu bal all Land ënnerschriwwen ass, zielt een als Flüchtling, wann ee virun Krich oder politescher Verfolgung op Grond vun senger Hautfaarf, Relioun, Nationalitéit oder politescher Iwwerzeegung fortleeft. Weiderliesen

Fräihandelszone

Eng Fräihandelszone ass eng Regioun, an där all d’Länner sech eens gi sinn, d’Produkter déi an anere Länner vun dëser Regioun produzéiert goufen an hirem Marché ouni Barrièren oder Steieren unzëerkennen. De gréisste Fräihandelsmarché ass momentan d’EU. Weiderliesen

G20

D’G20 ass en Forum an deem sech d’Staats- an Regierungscheffen vun de Länner mat den 20 gréissten Ökonomië vun der Welt treffe fir iwwert ekonomesch, politesch an Ëmweltproblemer ze beroden, déi vu kenger anerer Organisatioun kenne geléist ginn. Weiderliesen

G8

D’G8 ass en Forum an deem sech d’Staats- an Regierungscheffen vun de Länner mat de 7 gréissten Ökonomië vun der Welt (+ Russland) treffe fir iwwert ekonomesch Problemer ze beroden. D’Membere sinn Däitschland, Frankräich, Italien, Japan, Kanada, England, d’USA a Russland. Weiderliesen

Globaliséierung

Ënnert Globaliséierung versteet een den Prozess an deem ëmmer méi Verbindungen tëschent Leit, Gesellschaften, Institutiounen a Länner entstinn. Dës Verbindunge kënnen ënner anerem ekonomescher, politescher a kultureller Natur sinn. Weiderliesen