Konflikt am Südchineseschem Mier

Am südchinesesche Mier gëtt et e Konflikt tëscht de Länner, déi ronderëm dësen Deel vum Pazifik leien. Et geet drëm, dass d’Länner sech net eens ginn, wéi eng Inselen an Deeler vum Mier wéi engem Land gehéieren. Dat ass wichteg, well dat festleet, wiem déi grouss Fësch an aner Ressourcen am Mier gehéieren. Verschidde Länner versiche mam Bau vu kënschtlechen Inselen hiren Usproch un dës Gebitter ze ënnermaueren. Weiderliesen

Kyoto Protokoll

De Kyoto Protokoll ass am Februar 2005 a Kraaft getrueden. D’Zieler vum Kyoto Protokoll sinn déi verschidden Treibhausgase vun den developpéierte Länner ëm 5,2% ze reduzéieren an engem Zäitraum vun 2008-2012. De Kontrakt ass 2012 vu 37 developpéierte Länner verlängert ginn a gëllt bis 2020. Weiderliesen