Ajatollah Khamenei

Den Ajatollah ass de wichtegste Personnage an der Islamescher Republik vun Iran. Hien entscheet iwwert all déi grouss Decisiounen an der Politik. Am Moment ass de Sayyed Ali Khamenei Ajatollah, nodeems hien de Ruhollah Khomeini am Joer 1989 ersat huet. Weiderliesen

Arabescht Freijoer

Als Arabescht Fréijoer bezeechent een eng Well vu Protester an Zivilkricher, déi am Dezember 2010 an Tunesien ugefaangen hunn a gréisstendeels am Ufank op méi Demokratie gezielt hunn. Déi bekanntsten Episode sinn d’Revolutioun an Egypten an d’Biergerkricher a Libyen an a Syrien. Weiderliesen

Iranesch Revolutioun

An de Joren 1978 an 1979 gouf an der Iranescher Revolutioun den Herrscher, de Shah Pahlavi, duerch en neie Staatschef ersat, den Ajatollah Khomeini. Haut huet dem Khomeini säin Nofolger quasi komplett Muecht iwwert déi grouss Decisiounen an der iranescher Politik, well hien als ieweschte reliéise Führer ugesi gëtt. Weiderliesen

Islamesche Staat

Den Islamesche Staat ass eng islamistesch Grupp, déi versicht en neie reliéisen Staat am Irak an a Syrien ze grënnen, deen op de Gesetzer vun der Scharia opgebaut ass. En huet Territoire a Syrien, am Irak an a Libyen, a verübt Attentater an Europa an am Mëttleren Osten. Weiderliesen

PKK

D’PKK ass eng kurdesch Aarbechterpartei mat kommunistescher Ideologie. Si kämpft politesch a militäresch fir d’Grënnung vun engem onofhängege Land fir d’Kurden, Kurdistan. Wéinst hirer Gewaltuwendung gëtt si international als terroristesch Organisatioun agestuuft. Weiderliesen