AfD (Alternative für Deutschland)

D’Alternative für Deutschland (AfD) ass eng däitsch Partei, déi 2013 gegrënnt ginn ass, fir sech fir d’Opléise vum Euro anzesetzen. Zanter deem de Parteigrënner Bernd Lucke allerdéngs 2015 ofgewielt gouf, huet d’Partei sech virun allem an der Flüchtlingskris fir eng immens streng Politik agesat, déi och net d’Schéissen op Flüchtlingen, déi illegal iwwert d’Grenze kommen ausgeschloss huet. Weiderliesen

CDU (Christlich-Demokratische Union)

D’CDU ass eng däitsch Partei, déi 1945 gegrënnt gouf a sech fir liberal-konservativ Politik asetzt. Si verdeedege kulturell Traditiounen, wëllen d’Staatsfinanzen am Grëff halen a si pro-EU. Bekannt Membere sinn: de Konrad Adenauer, de Wolfgang Schäuble, d’Angela Merkel, an d’Ursula von der Leyen. Weiderliesen

Demokratesch Partei

D’Demokraten ass eng vun den zwou Parteien an Amerika an ass 1828 gegrënnt ginn. Generell verfollegen d’Demokraten eng liberal Politik a setze sech fir eng staark sozial Politik; ëmweltfrëndlech Politik; a Gläichberechtegung an. Déi bekanntste Leit aus der Partei sinn: de Franklin D. Roosevelt; den John F. Kennedy; an de Barack Obama. Weiderliesen

EOKA

National Organisatioun zypriotescher Kämpfer, déi fir d’Onofhängegkeet vu Groussbritannien gekämpft hunn. Si wollten, datt Zypern sech Griicheland uschléisst. Weiderliesen

Freiheitliche Partei Österreichs

D’FPÖ ass eng rietspopulistesch Partei, déi sech als däitsch-national Lager gesäit. Si sinn Islamophob, auslännerfeindlech, EU-skeptesch a vill Memberen hu Kontakter zu der rietsextremer Zeen. Verschidde Politiker sinn och wéinst NS-Aussoen oder Verhetzunge verklot ginn. Weiderliesen

Front National

De Front National ass eng politesch Partei ënnert der Leedung vum Marine Le Pen. Se ass virun allem bekannt fir hir Oflehnung vun Immigratioun an hirem Wëllen, Frankräich aus der Europäescher Unioun ze huelen. Laang als “onwielbar” bezeechent, huet de FN an de leschte Joren ëmmer besser Resultater gehat. Weiderliesen

Golden Dawn

Golden Dawn (“Gëllen Morgendämmerung”) ass eng griichesch rietsextrem Partei, déi zanter 1993 unerkannt ass. Si diskriminéiere Leit mat enger anerer Hautfaarf oder sexueller Orientéierung a wëllen, dass nëmme Leit mat “rengem, griicheschem Blutt” d’Wahlrecht sollen hunn. All Partei-Member muss “Mein Kampf” vum Adolf Hitler gelies hunn. Weiderliesen

Gréng Partei

Déi gréng Parteien an Europa sinn éischter liberal, géint Atomkraaft a setze sech fir eng Friddenspolitik an. Hir Haapttheme sinn: Ëmweltpolitik, Gläichstellung vu Mann a Fra, Gender-Mainstreaming, Bildung a Sozialpolitik. Mä se hunn och eng Plattform opgebaut, fir déi méi klassesch politesch Themen, wéi Wirtschaft, Aussepolitik, Europapolitik, asw. Weiderliesen

Les Républicains

« Les Républicains » ass eng franséisch Partei, déi sech fir eng konservativ Politik asetzt. Generell setzen si sech fir eng méi liberal a manner reglementéiert Wirtschaft an. De Staat soll a kann net alles reegelen, dofir misst ee méi Responsabilitéit an d’Hänn vun de Bierger an Entreprisen leeën. Bekannt Leit aus der Partei sinn : den Nicolas Sarkozy, de François Fillon an den Alain Juppé. Weiderliesen

NPD

D’Nationaldemokratesch Partei vun Däitschland (NPD) ass 1964 gegrënnt ginn a verfollegt ähnlech Ziler, wéi d’NSDAP ënnert dem Hitler. Si baséiert vill vun hire Politiken op Rassentheorie an ass géint d’Gläichberechtegung vu Fraen an Homosexueller. D’Partei huet Memberen am Regionalparlament vu Mecklenburg-Vorpommern an am Europaparlament. Weiderliesen

Partei

Eng Partei an der Politik ass eng Grupp vu Leit déi versicht Wahlen ze gewannen an d’Majoritéit am Parlament ze kréien. Dofir proposéiert eng Partei en Programm vu spezifesche Politike fir de Wieler ze iwwerzeege fir si ze wielen. Weiderliesen

PKK

D’PKK ass eng kurdesch Aarbechterpartei mat kommunistescher Ideologie. Si kämpft politesch a militäresch fir d’Grënnung vun engem onofhängege Land fir d’Kurden, Kurdistan. Wéinst hirer Gewaltuwendung gëtt si international als terroristesch Organisatioun agestuuft. Weiderliesen