Aristokratie

Eng Aristokratie ass eng Staatsform, wou eng kleng Grupp d’Muecht am Land huet. No wat fir engem Critère dës Grupp sech zesumme setzt ass net definéiert, mee an der Geschicht war dëst oft eng Grupp vun adelegen Familljen. Eng Aristokratie ass domadder am Géigesaz zu enger Demokratie. Weiderliesen

Confederatioun

Dat ass e Bündnis vu selbstännege Gebitter, déi duerch e Kontrakt festgehale ginn an hir Souveränitéit bäibehalen. Bei enger Confederatioun sinn déi Gebitter méi autonom, wéi bei enger Federatioun. Als Beispill vun enger Confederatioun kann een d’Schwäiz nennen. Weiderliesen

Demokratie

Demokratie setzt sech aus de griichesche Wierder fir « Vollek » an « herrschen » zesummen. Deemno ass eng Demokratie en Land an deem d’Vollek d’Muecht huet. Dëst ass, zum Beispill, am Géigesaz zu enger absoluter Monarchie, wou eng royal Famill d’Muecht huet. Obwuel et vill ënnerschiddlech Zorte vun Demokratië gëtt, hunn se all gemeinsam, dass d’Bierger sech a Wahlen ausdrécke kënne wéi d’Land regéiert soll ginn an dass d’Staatsgewalt vun Exekutive, Legislative a Judiciaire getrennt sinn. Weiderliesen

Diktator

En Diktator ass eng Persoun, déi eleng oder mat Hëllef vun enger klenger Grupp, iwwert e Land regéiert. An enger Diktatur ginn normalerweis d’Mënscherechter net berécksiichtegt, d’Justiz an d’Press sinn net onofhängeg a Wahle sinn net fräi. Beispiller sinn/waren: Saddam Hussein am Irak, Baschar al-Assad an Syrien, Muammar al-Gaddafi a Libyen. Weiderliesen

Dynastie

Eng Dynastie ass d’Nofolleg vu Memberen aus der selwechter Famill an de wichtegste Positioune vun engem Staat. Weiderliesen

Europäesch Kommissioun

D’Europäesch Kommissioun ass den exekutiven Deel vun der Europäescher Unioun, wat bedeit, dass se nei Gesetzer virschléit, d’Ëmsetze vu Gesetzer iwwerwaacht a sech ëm den Dagesmanagement vun der Europäescher Unioun këmmert. All Land stellt ee Kommissär, deen ee Portfolio betreit an am Kollegium zesumme mat all aner Kommissär iwwert all Decisioun ofstëmmt. Am Moment ass de Jean-Claude Juncker President vun der Kommissioun. Weiderliesen

Europäescht Parlament

Am Europäesche Parlament stëmme 751 gewielte Vertrieder iwwert all d’Propose fir nei EU-Gesetzer of. All EU-Länner sinn hei mat méi oder manner – baséierend op Populatioun – Politiker vertrueden. Obwuel d’Parlament schonn 1952 gegrënnt gouf, ass et eréischt an de leschte 25 Joer zu enger vun de wichtegsten Institutiounen an der EU ginn. Weiderliesen

Exekutive

D’Exektuive besteet normalerweis aus der Regierung an den Administratiounen. Si ass responsabel fir d’Ausféierung vun de Gesetzer. D’Exekutive ass nieft der Legislative an der Judikative eng vun den dräi “Gewalten” an engem Staat. Zesumme ginn dës dräi Gewalten als exklusiivt Recht vum Staat gesinn, well si néideg sinn, fir d’Gesetzer an engem Land ze bestëmmen. An enger Demokratie sollen déi dräi dofir vunenee getrennt sinn a sech géigesäiteg iwwerwaachen, fir e Mëssbrauch vun dëser Staatsgewalt ze verhënneren. Weiderliesen

Faschismus

Faschismus bezeechent politesch Systemer déi ronderëm en allengegen « Führer » organiséiert sinn an extrem nationalistesch sinn. Den Numm kënnt vum Benito Mussolini, dem italieneschen Diktator aus dem 20. Joerhonnert. En anert Beispill ass den Nazi-Regimm ënnert dem Hitler an Däitschland. Weiderliesen

Federalismus

Federalismus bezeechent eng politesch Organisatioun déi zwee Niveau’en huet. Um ënneren Niveau sinn d’Staaten déi an verschidden Theme Kompetenzen halen. Um ieweschte – och federal genannt – Niveau sinn dës Staaten zesummegeschloss. Beispiller sinn d’USA an Däitschland. Weiderliesen

Föderalismus

Föderalismus bezeechent e politesche System, deen op zwou Stufen opgedeelt ass – eng Zentralregierung a méi kleng Provënzen oder Staaten. Beispiller sinn: Amerika, Däitschland oder Indien. Weiderliesen

Gemeng

Eng Gemeng ass a ville Länner den niddregsten administrativen Niveau. Fir d’politesch Responsabilitéit vun dësem Niveau ginn normalerweis lokal Wahle gehalen fir en Buergermeeschter ze bestëmmen. Zu Lëtzebuerg gëtt et 105 Gemengen. Weiderliesen