Gewaltentrennung

Ënnert Gewaltentrennung versteet een d’Deelung vun der Staatsgewalt op ënnerschiddlech Organer vum Staat. D’Zil ass et ze verhënneren dass ze vill Muecht sech an engem Organ konzentréiert an esou d’Fräiheet an d’Gläichheet gefährdet. Déi dräi Staatsgewalten déi getrennt ginn, sinn : d’Legislative, d’Exekutive an d’Judiciaire. Weiderliesen

Judikative

D’Judikative besteet aus den ënnerschiddleche Geriichter an engem Land. Si ass dofir zoustänneg Streidereien iwwert d’Implikatioune vu Gesetzer ze klären. D’Judikative ass nieft der Exekutive an der Legislative eng vun den dräi “Gewalten” an engem Staat. Zesumme ginn dës dräi Gewalten als exklusiivt Recht vum Staat gesinn, well si néideg sinn, fir d’Gesetzer an engem Land ze bestëmmen. An enger Demokratie sollen déi dräi dofir vun eneen getrennt sinn a sech géigesäiteg iwwerwaachen, fir e Mëssbrauch vun dëser Staatsgewalt ze verhënneren. Weiderliesen

Kanton

En Kanton ass en administrativen Niveau tëschent de Gemengen an dem nationalen Niveau. Zu Lëtzebuerg sinn all d’Gemengen an 12 Kantonen opgedeelt. Weiderliesen

Konstitutioun

Déi fundamental Prinzipien no deenen e Staat fonctionnéiert. D’Dokument an deem dat festgehalen ass, gëtt och Konstitutioun genannt. Beispiller sinn: déi Amerikanesch Konstitutioun, déi Lëtzebuergesch Konstitutioun. Weiderliesen

Legislative

D’Legislative besteet normalerweis aus dem Parlament. Si ass zoustänneg fir d’Diskutéieren, d’Schreiwen, an d’Ofstëmmen vu Gesetzer. D’Legislative ass nieft der Exekutive an der Judikative eng vun den dräi “Gewalten” an engem Staat. Zesumme ginn dës dräi Gewalten als exklusiivt Recht vum Staat gesinn, well si néideg sinn, fir d’Gesetzer an engem Land ze bestëmmen. An enger Demokratie sollen déi dräi dofir vuneneen getrennt sinn a sech géigesäiteg iwwerwaachen, fir e Mëssbrauch vun dëser Staatsgewalt ze verhënneren. Weiderliesen

Minister

E Minister ass normalerweis de politesche Chef vun op mannst engem Ministerium. Zesumme forméieren all d’Ministeren d’Regierung – och Cabinet genannt. Zu Lëtzebuerg kënne si Gesetzer proposéieren a si sinn dofir responsabel, dass Gesetzer a Reegelen, déi am Parlament ofgestëmmt goufen, deementspriechend ausgefouert ginn. Dat mécht si zu engem Deel vun der Exekutive. Weiderliesen

Monarchie

Eng Monarchie ass eng Staatsform an där en Adelegen Staatschef ass. Hien/Si kritt dës Roll normalerweis duerch Ierfschaft a behält se bis zum Dout oder zum Ofdanken. Weiderliesen

Oligarchie

An enger Oligarchie ass d’Muecht vun engem Land an den Hänn vun enger klenger Grupp vu Leit konzentréiert. Dofir gëtt eng Oligarchie och oft als Gefor fir eng Demokratie gesinn. Weiderliesen

Oppositioun

Als Oppositioun bezeechent een déi Parteien an enger Demokratie, déi net an der Regierung sinn. An enger Demokratie ass d’Aarbecht vun enger Oppositioun immens wichteg, well si dem Vollek eng Alternative zur Regierung ubidde kënnen an d’Regierung iwwerwaachen, sou dass si keen Abus vun hirem Pouvoir maachen. Weiderliesen

Parlament

De legislativen Deel vum Staat, wat bedeit dass et den Deel ass, deen iwwert Gesetzer ofstëmmt, d’Regierung kontrolléiert an d’Bevëlkerung representéiert. E Parlament besteet aus enger festgesater Unzuel vun Deputéierten. Zu Lëtzebuerg: d’Chambre des Députés. Weiderliesen

President

An enger Republik ass de President gläichzäiteg den ieweschte Representant vum Staat an de Regierungschef – am Geigensatz zu enger konstitutioneller Monarchie, wou de Kinnek Staatschef ass an de Premierminister Regierungschef. Et hänkt vun der Konstitutioun vum Land of, wéi vill Muecht e President als Eenzelen huet fir d’Politik a sengem Land ze bestëmmen. Weiderliesen