Europäesch Kommissioun

D’Europäesch Kommissioun ass den exekutiven Deel vun der Europäescher Unioun, wat bedeit, dass se nei Gesetzer virschléit, d’Ëmsetze vu Gesetzer iwwerwaacht a sech ëm den Dagesmanagement vun der Europäescher Unioun këmmert. All Land stellt ee Kommissär, deen ee Portfolio betreit an am Kollegium zesumme mat all aner Kommissär iwwert all Decisioun ofstëmmt. Am Moment ass de Jean-Claude Juncker President vun der Kommissioun. Weiderliesen

Europäescht Parlament

Am Europäesche Parlament stëmme 751 gewielte Vertrieder iwwert all d’Propose fir nei EU-Gesetzer of. All EU-Länner sinn hei mat méi oder manner – baséierend op Populatioun – Politiker vertrueden. Obwuel d’Parlament schonn 1952 gegrënnt gouf, ass et eréischt an de leschte 25 Joer zu enger vun de wichtegsten Institutiounen an der EU ginn. Weiderliesen

Exekutive

D’Exektuive besteet normalerweis aus der Regierung an den Administratiounen. Si ass responsabel fir d’Ausféierung vun de Gesetzer. D’Exekutive ass nieft der Legislative an der Judikative eng vun den dräi “Gewalten” an engem Staat. Zesumme ginn dës dräi Gewalten als exklusiivt Recht vum Staat gesinn, well si néideg sinn, fir d’Gesetzer an engem Land ze bestëmmen. An enger Demokratie sollen déi dräi dofir vunenee getrennt sinn a sech géigesäiteg iwwerwaachen, fir e Mëssbrauch vun dëser Staatsgewalt ze verhënneren. Weiderliesen