Caucus

Jee nodeem ob et sech ëm e geschlossenen oder oppene Caucus handelt, ass e Caucus eng Versammlung vu Parteimemberen oder -Ënnerstëtzer. Op dëser Versammlung gëtt driwwer diskutéiert, wéiee Kandidat ënnerstëtzt soll ginn an de Wahlen. Weiderliesen

CIA

D’Central Intelligence Agency (CIA) ass en amerikanesche Geheimdéngscht, deen sech op Informatiounen iwwert d’Ausland fokusséiert. Et ass déi eenzeg Organisatioun déi geheim Operatiounen op Befeel vum President ausféieren dierf. D’Agence ass verwéckelt a vill bekannten Affäre – dorënner den 1953 Coup am Iran, d’Bay of Pigs Invasioun a Kuba an d’Iran/Contra Affär. Weiderliesen

Demokratesch Partei

D’Demokraten ass eng vun den zwou Parteien an Amerika an ass 1828 gegrënnt ginn. Generell verfollegen d’Demokraten eng liberal Politik a setze sech fir eng staark sozial Politik; ëmweltfrëndlech Politik; a Gläichberechtegung an. Déi bekanntste Leit aus der Partei sinn: de Franklin D. Roosevelt; den John F. Kennedy; an de Barack Obama. Weiderliesen

Electoral College

Den Electoral College ass de System an deem de President an Amerika gewielt gëtt. Wann d’Leit an Amerika wielen, stëmme se net direkt iwwert d’Kandidaten of. Si wielen un sech “Electors”, déi dann am Normalfall fir dee Kandidat ofstëmmen, deen an hirem Staat déi meeschte Stëmmen krut. Déi 538 Electors sinn opgedeelt op d’Staaten, wéi d´Sëtz am Parlament. Weiderliesen

Federalismus

Federalismus bezeechent eng politesch Organisatioun déi zwee Niveau’en huet. Um ënneren Niveau sinn d’Staaten déi an verschidden Theme Kompetenzen halen. Um ieweschte – och federal genannt – Niveau sinn dës Staaten zesummegeschloss. Beispiller sinn d’USA an Däitschland. Weiderliesen

Föderalismus

Föderalismus bezeechent e politesche System, deen op zwou Stufen opgedeelt ass – eng Zentralregierung a méi kleng Provënzen oder Staaten. Beispiller sinn: Amerika, Däitschland oder Indien. Weiderliesen

Kale Krich

E Kale Krich ass allgemeng e Krich tëscht Konfliktparteien, deen ouni Waffe „gekämpft“ gëtt. De Konflikt ass rëell, mä et geet méi ëm ekonomesch Sanktiounen an et ginn dacks Bedreeunge gemaach. Virun allem rüsten d’Konfliktparteien hiert Waffenarsenal op. Weiderliesen

Kapitalismus

Eng Ideologie, déi vun der Konkurrenz vun de Bierger ausgeet. Et existéiert e liberale Marché. Bierger hunn ee Privatbesëtz an duerch hier Aarbecht kënne si sech hire Privatbesëtz finanzéieren. Et gëllt d’Regel vun „Angebot und Nachfrage“, also de Marché reguléiert sech selwer. Weiderliesen

NATO

D’NATO ass eng Allianz vun 28 Länner – virun allem Amerika an e groussen Deel vun Europa – déi sech all géigesäiteg assuréiert hunn, dass am Fall, wou ee Land ugegraff gëtt, all d´Länner bei der Verteidegung hëllefen. D’Organisatioun ass kuerz nom Zweete Weltkrich gegrënnt ginn an huet am Kale Krich Europa géint Attacke vun der Sowjetunioun geschützt. Weiderliesen

Primaries

Primaries – op Lëtzebuergesch “Virwahlen” – si Wahlen innerhalb vun enger Partei virun den entscheedenden nationalen Wahlen, fir d’Feld vun de Kandidaten ze verklengeren. An Amerika zum Beispill hale béid Parteie Virwahlen of, fir hire Kandidat fir d’Nationalwahlen ze bestëmmen. Weiderliesen

Republikanesch Partei (USA)

D’Republikaner ass eng vun den zwou Parteien an Amerika an ass 1854 gegrënnt ginn. Generell verfollegen d’Republikaner eng konservativ Politik a setze sech fir eng staark Arméi; traditionell – oft chrëschtlech – Valeuren; a fräi ekonomesch Marchéen an. Déi bekanntste Leit aus der Partei sinn: den Abraham Lincoln, den Dwight Eisenhower, de Ronald Reagan, an den George W. Bush. Weiderliesen