Aarbechtslosegkeet

Als aarbechtslos bezeechent een eng Persoun déi keng Aarbecht huet, mee eng wéilt. D’Aarbechtslosenzuel ass deementspriechend d’Zuel vu Leit déi keng Aarbecht hunn als Prozentsaz vun der aktiver Populatioun – also der Populatioun déi eng Aarbecht sicht. An dëser Populatioun zielen also zum Beispill net Schüler/Studenten, Pensionären oder Elteren déi doheem bleiwe fir op d’Kanner opzepassen. Weiderliesen

Aarbechtsmaart

Als Aarbechtsmaart bezeechent een den « Maart » op deem, op der enger Säit, Employeure eng Aarbechtsplaz ubidden an nom beschten Kandidat sichen, an op der anerer Säit, Employéë hir Aarbechtskraaft ubidden an no der bescht méiglecher Aarbechtsplaz sichen.  Weiderliesen

Aarmut

Et gëtt ënnerschiddlech Kategorië vun Aarmut. Eng Persoun déi an « absoluter Aarmut » lieft, huet net méi wéi $1 pro Dag fir ze liewen (1996 Dollarwäert). « Relativ Aarmut » bezeechent dogéint eng Persoun déi manner verdéngt wéi 50% vun der Mediane vun de Gehälter an deem Land wou dës Persoun lieft. Nieft dësen 2, gëtt et awer nach aner Kategorië vun Aarmut. Weiderliesen

Arbeitgeber / Employeur

En Employeur ass eng Organisatioun déi Aarbechtsplazen ubitt an Employeuren bezilt fir dës Aarbechten auszeféieren. Dëst kënnen Entreprisen, de Staat oder aner net-staatlech Organisatioune sinn, déi Aarbechter astelle fir hir Ziler ze erreechen. Weiderliesen

Autarkie

Eng Gesellschaft déi an Autarkie wunnt, produzéiert alles selwer wat si och verbraucht. Esou eng Gesellschaft importéiert also näischt aus dem Ausland. Als Beispill kann een vill Urvolléker nennen oder och Nordkorea als quasi-autarkt Land. Weiderliesen

Bankekrise

Eng Bankekrise ass eng Situatioun an där eng Bank esou Verloschter huet, dass et méiglech ass, dass si faillite geet. Dëst kann och aner Banken a souguer ganz Länner esou vill Sue kaschten, dass och déi Banken an Länner an d’Gefor komm fir faillite ze goen. En Beispill ass déi international Bankekris vun 2008/09. Weiderliesen

CETA

„Comprehensive Economic and Trade Agreement“ si Verhandlungen tëscht der EU a Kanada fir eng Fräihandelszone opzebauen. Ugefaangen hunn d’Verhandlungen 2014 a sinn, wéi och TTIP-Negociatiounen, onbeléift béi de Mënschen. Weiderliesen

Deflatioun

Als Deflatioun bezeechent een en unhalenden, staarke Réckgang vu Präisser an der Ekonomie. Dëst geschitt wann et ze wéineg Demande fir d’Offer an der Ekonomie gëtt. Weiderliesen

Depressioun

Als Depressioun am wirtschaftleche Sënn bezeechent een den dauerhafte Réckgang vun der Wirtschaft vun engem Land. En wichtegen Indikator fir en Réckgang vun der Wirtschaft ass en Réckgang vum PIB. Weiderliesen

Entwécklungslänner

E Land, dat nach grouss ekonomesch a sozial Problemer huet, sou wéi z.B. eng niddreg Liewenserwaardung, en niddregen Salaire a wéineg Bildung. Vill Länner an Afrika (z.B. Nigeria), mä och a Südamerika (z.B. Brasilien) an Asien (z.B. Thailand) ginn als Entwécklungslänner bezeechent. Weiderliesen