En Asylbewerber (oder « Demandeur de protection internationale ») ass eng Persoun déi Asyl – also Schotz viru Krich oder Verfolgung a sengem eegene Land – an engem anere Land ufreet, wéi dat Land vu wou dës Persoun kënnt. Weiderliesen
En Attentat ass eng Gewaltdot déi dorop ofzilt eng oder méi Persounen ze verletzen oder ëmzebréngen. Oft gëtt dës Dot aus politeschen, ideologeschen oder psychesche Grënn ausgefouert. Bekannten Attentater gouf et op den John F. Kennedy, de Martin Luther King an den Mahatma Gandhi. Weiderliesen
Eng Gesellschaft déi an Autarkie wunnt, produzéiert alles selwer wat si och verbraucht. Esou eng Gesellschaft importéiert also näischt aus dem Ausland. Als Beispill kann een vill Urvolléker nennen oder och Nordkorea als quasi-autarkt Land. Weiderliesen