Als Arabescht Fréijoer bezeechent een eng Well vu Protester an Zivilkricher, déi am Dezember 2010 an Tunesien ugefaangen hunn a gréisstendeels am Ufank op méi Demokratie gezielt hunn. Déi bekanntsten Episode sinn d’Revolutioun an Egypten an d’Biergerkricher a Libyen an a Syrien. Weiderliesen
En Employeur ass eng Organisatioun déi Aarbechtsplazen ubitt an Employeuren bezilt fir dës Aarbechten auszeféieren. Dëst kënnen Entreprisen, de Staat oder aner net-staatlech Organisatioune sinn, déi Aarbechter astelle fir hir Ziler ze erreechen. Weiderliesen
En Employé ass eng Persoun déi eng Aarbechtsplaz bei engem Employeur ausféiert. Hien kritt fir seng Aarbecht en Salaire. Weiderliesen
Eng Aristokratie ass eng Staatsform, wou eng kleng Grupp d’Muecht am Land huet. No wat fir engem Critère dës Grupp sech zesumme setzt ass net definéiert, mee an der Geschicht war dëst oft eng Grupp vun adelegen Familljen. Eng Aristokratie ass domadder am Géigesaz zu enger Demokratie. Weiderliesen