Budget annuel

An de meeschte Staaten gëtt all Joer en Budget ofgestëmmt. Dëst ass e speziellt Gesetz an deem festgehale gëtt wéi vill Suen de Staat mengt iwwert déi nächst 12 Méint auszeginn a wéi vill en mengt eranzekréien. Domatter leet de Budget déi finanziell Limitte fest an deenen d’Ministeren an d’Administratiounen déi nächst Méint schaffe mussen. Weiderliesen

Bundesrat

De Bundesrat an Däitschland setzt sech aus de jeeweilege Ministere vun de 16 Bundeslänner zesummen. Hei kënnen déi eenzel « Länner » un Gesetzer an un europäeschen Theme mat entscheeden. Weiderliesen

Bürokratie

Als Bürokratie bezeechent een d’Gesamtheet vun den Administratiounen an Ministeren vum Staat. Weiderliesen

Burschenschaft Marko Germania

Dëst ass eng Aart Studenteverbindung an Eisterräich, déi mengt, dass all Vollek seng Platz a senger Natioun huet. Vill Membere gesinn deemno Eisterräich als Deel vun Däitschland un a sinn der Meenung, dass Auslänner zeréck an hiert Land solle goen. Et kann ee verschiddener als däitschnational a rietsextrem ugesinn. All 3. Politiker vun der FPÖ war an esou enger Burschenschaft. Weiderliesen