Exekutive

D’Exektuive besteet normalerweis aus der Regierung an den Administratiounen. Si ass responsabel fir d’Ausféierung vun de Gesetzer. D’Exekutive ass nieft der Legislative an der Judikative eng vun den dräi “Gewalten” an engem Staat. Zesumme ginn dës dräi Gewalten als exklusiivt Recht vum Staat gesinn, well si néideg sinn, fir d’Gesetzer an engem Land ze bestëmmen. An enger Demokratie sollen déi dräi dofir vunenee getrennt sinn a sech géigesäiteg iwwerwaachen, fir e Mëssbrauch vun dëser Staatsgewalt ze verhënneren. Weiderliesen

Export

Als Export bezeechent een e Produkt, wat an engem Land produzéiert gouf an dann an en anert bruecht gëtt. Dat Land, wat dat Produkt fortschéckt, ass den Exportateur. Dat bedeit gläichzäiteg, dass engem Land säin Export muss engem aneren Land säin Import sinn. Weiderliesen