Eng Fräihandelszone ass eng Regioun, an där all d’Länner sech eens gi sinn, d’Produkter déi an anere Länner vun dëser Regioun produzéiert goufen an hirem Marché ouni Barrièren oder Steieren unzëerkennen. De gréisste Fräihandelsmarché ass momentan d’EU. Weiderliesen
D’FPÖ ass eng rietspopulistesch Partei, déi sech als däitsch-national Lager gesäit. Si sinn Islamophob, auslännerfeindlech, EU-skeptesch a vill Memberen hu Kontakter zu der rietsextremer Zeen. Verschidde Politiker sinn och wéinst NS-Aussoen oder Verhetzunge verklot ginn. Weiderliesen
De Front National ass eng politesch Partei ënnert der Leedung vum Marine Le Pen. Se ass virun allem bekannt fir hir Oflehnung vun Immigratioun an hirem Wëllen, Frankräich aus der Europäescher Unioun ze huelen. Laang als “onwielbar” bezeechent, huet de FN an de leschte Joren ëmmer besser Resultater gehat. Weiderliesen