En Geheimdéngscht sammelt an evaluéiert national an international Informatiounen zur Sécherheet vum Land. Verschidde Länner hunn méi wéi ee Geheimdéngscht. Wéi d’Aufgaben ënnert dësen opgedeelt ginn hänkt vum Land of. Beispiller sinn d’CIA oder de BND. Weiderliesen
Eng Gemeng ass a ville Länner den niddregsten administrativen Niveau. Fir d’politesch Responsabilitéit vun dësem Niveau ginn normalerweis lokal Wahle gehalen fir en Buergermeeschter ze bestëmmen. Zu Lëtzebuerg gëtt et 105 Gemengen. Weiderliesen
En Genozide – oder Vëlkermord – ass dat bewosst Zil eng bestëmmte Grupp vu Leit ganz oder deelweis ze zerstéieren. Säit 1948 ass Genozide eng international Strofdot. En Beispill vun engem Genozide ass den Holocaust ënnert den Nazien an Däitschland. Weiderliesen
Ënnert Gewaltentrennung versteet een d’Deelung vun der Staatsgewalt op ënnerschiddlech Organer vum Staat. D’Zil ass et ze verhënneren dass ze vill Muecht sech an engem Organ konzentréiert an esou d’Fräiheet an d’Gläichheet gefährdet. Déi dräi Staatsgewalten déi getrennt ginn, sinn : d’Legislative, d’Exekutive an d’Judiciaire. Weiderliesen