Inclusioun / Exclusioun

Komplett Inclusioun ass erreecht wann all Mënsch vun der Gesellschaft akzeptéiert gëtt an kann um sozialen Zesummeliewen Deel huele – ouni wéinst jeglechen Mierkmoler (Geschlecht, Relioun, Alter, etc.) benodeelegt ze ginn. Exklusioun ass de Géigendeel. Weiderliesen

Industrialiséierung

Als Industrialiséierung bezeechent een den Iwwergang vun enger Gesellschaft an Ökonomie déi op Agrar (also enger Landwirtschaftsökonomie) baséiert zu enger Gesellschaft déi op maschineller Produktioun baséiert. Weiderliesen

Inflatioun

Dorënner versteet een an der Ekonomie eng Erhéijung vun de Gelder, déi an Ëmlaf bruecht ginn, verbonne mat enger Erhéijung vun de Präisser an engem Wäertverloscht vun enger Währung. Als Konsequenz kann een zum Beispill mat engem Euro da manner kafen, wéi dat Joer virdrun. Weiderliesen

Infrastruktur

D’Infrastruktur ass d’Sammelwuert fir all laangwiereg Ariichtungen déi dem Fonctionnéieren vun enger Ökonomie hëllefen. Dës kënnen entweder materieller Natur (Energie-, Transportsystemer, etc.) oder institutioneller Natur (Police, Bildungssystem, etc.) sinn. Weiderliesen

Innovatioun

Innovatioun am wirtschaftleche Sënn bedeit den Prozess vun der Verbreedung vun neien Ideen an Erfannungen. Innovatioun gëtt als wichtege Bestanddeel vum Fortschrëtt gesinn. Weiderliesen