Kabinett

D’Kabinett ass de Sammelbegrëff fir de Regierungschef an all d’Ministeren. D’Kabinett ass domadder en wichtegen Deel vun der Exekutive an engem Staat. Weiderliesen

Kafkraaft

D’Kafkraaft ass eng ekonomesch Statistik fir déi ausgerechent gëtt, wéi vill Suen engem Haushalt am Duerchschnëtt bleiwen, nodeems all déi reegelméisseg Rechnungen (Loyer, Versécherungen, Steieren, etc.) bezuelt gi sinn. Domat wëll een erausfannen, wéi vill de Famillen “zum Liewen” bleift. Weiderliesen

Kale Krich

E Kale Krich ass allgemeng e Krich tëscht Konfliktparteien, deen ouni Waffe „gekämpft“ gëtt. De Konflikt ass rëell, mä et geet méi ëm ekonomesch Sanktiounen an et ginn dacks Bedreeunge gemaach. Virun allem rüsten d’Konfliktparteien hiert Waffenarsenal op. Weiderliesen

Kanton

En Kanton ass en administrativen Niveau tëschent de Gemengen an dem nationalen Niveau. Zu Lëtzebuerg sinn all d’Gemengen an 12 Kantonen opgedeelt. Weiderliesen

Kanzler(in)

De Kanzler (D’Kanzlerin) ass de Regierungschef an Däitschland an domadder responsabel fir all déi wichteg Decisiounen an alle Beräicher vun der Politik. Hien/Hatt decidéiert iwwert d’Ernennen an d’Demissionéiere vu Ministeren. Beispiller vu Leit an dëser Funktioun sinn: de Konrad Adenauer; den Helmut Schmidt; de Gerhard Schröder; an d’Angela Merkel. Weiderliesen

Kapitalismus

Eng Ideologie, déi vun der Konkurrenz vun de Bierger ausgeet. Et existéiert e liberale Marché. Bierger hunn ee Privatbesëtz an duerch hier Aarbecht kënne si sech hire Privatbesëtz finanzéieren. Et gëllt d’Regel vun „Angebot und Nachfrage“, also de Marché reguléiert sech selwer. Weiderliesen