Legislative

D’Legislative besteet normalerweis aus dem Parlament. Si ass zoustänneg fir d’Diskutéieren, d’Schreiwen, an d’Ofstëmmen vu Gesetzer. D’Legislative ass nieft der Exekutive an der Judikative eng vun den dräi “Gewalten” an engem Staat. Zesumme ginn dës dräi Gewalten als exklusiivt Recht vum Staat gesinn, well si néideg sinn, fir d’Gesetzer an engem Land ze bestëmmen. An enger Demokratie sollen déi dräi dofir vuneneen getrennt sinn a sech géigesäiteg iwwerwaachen, fir e Mëssbrauch vun dëser Staatsgewalt ze verhënneren. Weiderliesen

Les Républicains

« Les Républicains » ass eng franséisch Partei, déi sech fir eng konservativ Politik asetzt. Generell setzen si sech fir eng méi liberal a manner reglementéiert Wirtschaft an. De Staat soll a kann net alles reegelen, dofir misst ee méi Responsabilitéit an d’Hänn vun de Bierger an Entreprisen leeën. Bekannt Leit aus der Partei sinn : den Nicolas Sarkozy, de François Fillon an den Alain Juppé. Weiderliesen